Invitée ass d'Musekerin a Komponistin Catherine Kontz, ausserdeem de Festival du Goût an de Marc Henri Reckinger.

Invitée am No Art ass dës Woch déi Lëtzebuerger Komponistin Catherine Kontz. Si huet net just scho vill fir Orchesteren an Ensembele komponéiert, ma och fir Oper-, Theater-, a Filmproduktiounen. Si gëtt eis an Abléck an eenzel Aarbechten, mir hu mat hir iwwer de "rainy days"-Festival geschwat, vun deem si schonn d'lescht Joer déi artistesch Leedung iwwerholl huet a mir ginn natierlech eppes iwwer hire Parcours gewuer.

D’Claudia Kollwelter presentéiert de "Festival du Goût", ee Festival zu Veianen, dee Kino mat kulinareschem Genoss verbënnt an d'Sophie Becker deelt mat eis seng Impressioune vun der Ausstellung vum Gewënner vum Lëtzebuerger Konschtpräis 2024, dem Moler Marc Henri Reckinger.

No Art On Air aus dem Vins Fins, presentéiert vum Sandy Elsen.

De labbere Kulturtalk "No Art on Air" ëmmer samschdes um 19 Auer op RTL Télé Lëtzebuerg an op RTL Play, wou een d'Emissioun duerno och am Replay fënnt.