D’Schauspillerin, Autorin a Realisatrice Gintare Parulyte, ausserdeem Buchtipps fir Chrëschtdag an de Salon vun der BD.

Zanter hirem 15. Liewensjoer verkierpert d’Gintare Parulyte am Film an am Theater déi verschiddenst Rollen. Ma wat war hir Motivatioun, fir och selwer Stécker an Dréibicher ze schreiwen?

D’Bea Kneip verréit eis hir Buchtipps fir ënnert de Beemchen an d’Sophie Becker presentéiert ënnert anerem de Salon de la BD vu Paräis.

No Art On Air aus dem Vins Fins, presentéiert vum Sandy Elsen.

De labbere Kulturtalk "No Art on Air" ëmmer Samschdes um 19 Auer op RTL Télé Lëtzebuerg an op RTL Play, wou een d'Emissioun duerno och am Replay fënnt.