D'Schrëftstellerin Margret Steckel, ausserdeem d'Ausstellung "Jean-Pierre Beckius (1899 - 1946)" an d'Expo "Who's Next?".

No engem engleschen Dolmetscher-Examen ass d'Margret Steckel als Assistentin fir Dramaturgie an Dréibuch bei de Film komm. Ee bekannten däitschen Dréibuchauteur hat hei séier hiert grousst Talent fir d'Schreiwen entdeckt.

De Joël Seiller hëlt eis mat an d'Villa Vauban, an d'Ausstellung "Jean-Pierre Beckius (1899 - 1946)" an d'Claudia Kollwelter war sech d'Expo "Who's Next?" ukucken, déi den Ament am Neimënster ze gesinn ass.

No Art On Air aus dem Vins Fins, presentéiert vum Sandy Elsen.

De labbere Kulturtalk "No Art on Air" ëmmer samschdes um 19 Auer op RTL Télé Lëtzebuerg an op RTL Play, wou een d'Emissioun duerno och am Replay fënnt.