Am Replay: Vu wonnerschéi bis schrecklech sténkeg
Am neie Pisa Challenge entdecke mir déi vill verschidde Facette vun der Uelzecht
Mir fuere mam Stand Up Paddle iwwer d’Uelzecht a weisen Iech dëse Floss wéi der en nach net gesinn hutt. Vun der glasklorer Quell a Frankräich, duerch verwuessen Naturschutzgebidder an däischter Tunnellen ënner Esch erduerch. Mir entdecken d’Alstad. Gesinn d‘Iwwerreschter vun enger aler mëttelalterlecher Schleis. Weise wéi duerch d’Kraaft vum Uelzecht-Waasser de Gronn a Pafendall entstane sinn. Wéi an der Stad Lëtzebuerg riseg ënnerierdesch Kummeren Héichwaasser solle ofbremsen. A wëllen erausfannen firwat d’Uelzecht esou knaschteg ass.
Wou d’Uelzecht ënnerierdesch fléisst
De Service vun der Escher Kanalisatioun hëlt eis mat an en iwwer 100 Joer ale Kanal.
Sou natierlech wéi méiglech
Firwat Mënsch an Déier vun enger Renaturéierung solle profitéieren.
Spueren aus der Vergaangenheet
Wéi Schleisen an der Uelzecht d’Stad Lëtzebuerg sollte virun Ugräifer schützen.
Ouni Uelzecht wier hei näischt gelaf
Wéi d’Kraaft vum Waasser fréien vun de Leit genotzt gouf.
Riseg ënnerierdesch Kummeren
Wéi Bauwierker ënnert dem Buedem Waassermassen zréck halen.
Wou d’Uelzecht duerch d’Wise sténkt
Firwat d’Uelzecht esou knaschteg ass.