Verstoppt am Bësch - Spueren aus der Vergaangenheet
Wat 80 Joer nom Enn vum Zweete Weltkrich un déi schrecklech Zäit erënnert a wéi eng aner Spueren aus der Vergaangenheet een haut an eise Bëscher fanne kann
Krichsgeschicht & Erënnerung
Mir besichen e Westwall-Bunker bei Wallendorf, en historesche Relikt aus dem Zweete Weltkrich. De Benoît Niederkorn aus dem Dikrecher Militärmusée an de Fierschter Tom Scholtes setze sech duerfir an, dass een déi schrecklech Zäit net vergësst a beschreiwen d'Gefill, dat d'Zaldoten am Bunker musse gehat hunn.
"Wann déi hei dra souze wärend Artillerie-Beschoss, an deenen zwee klenge Raim hei zu 27 Mann, do muss een extrem Klaustrophobie gehat hunn, an dat huet, obwuel et décke Bëtong war, geschaalt a gescheppert, dat muss schonn e staark onangeneemt Gefill gewiescht sinn. Natierlech besser wéi dobaussen, wou een zerrappt ginn ass."
Fligercrash bei Grolënster
De Patrick Mischel erfuerscht de Crash vun enger brittescher Halifax-Maschinn 1943. Véier vu siwe Mann u Bord hunn iwwerlieft a goufen deelweis vun Awunner verstoppt. De Patrick sammelt Fligerstécker, fir d'Erënnerung un de Krich ze erhalen.
Am Mëllerdall viru puer Dausend Joer
Am Bësch bei Bäerdref hunn Archeologen an Hielen no mënschleche Spuere gesicht. A si hunn och Saache fonnt mat deene si konnten nostelle wéi d'Mënsche viru puer Dausend Joer an dëser Regioun gelieft hunn.




























Modern Technologie
D'Archeologin Michelle Pfeiffer schafft mat Lidar-Donnéeën. Déi weisen um Terrain Relieffer, déi een op normale Loftopnamen net gesäit. Sou kann een archeologesch Sitten entdecken, déi ee mam bloussen Aen net oder nëmme ganz schwéier fanne kann.
Onbedéngt um Wee bleiwen
De Fierschter Pol Zimmermann hëlt eis mat op e geféierlechen Terrain am Ellergronn. Laang Splécken am Buedem a riseg Lächer erënneren un d'Zäit, wéi hei de Räichtum aus dem Buedem geholl gouf.
Kuckt all d’Episoden op RTL Play!
Pisa kënnt sonndes um 19 Auer op RTL Tëlee an dono op RTL Play.