E Freideg feiert de Lëtzebuerger Museker Fausti ronne Gebuertsdag. Hie gëtt 80 Joer al.

Zu sengen Éiere hu mir e Freideg all Stonn ee vu senge bekanntste Lidder um Radio gespillt an de Film "FAUSTINO - One man show" vum Andy Bausch op RTL ZWEE an um Internet diffuséiert

Dir kënnt awer elo scho bei eisem klenge Quiz matmaachen an eng Sammelbox vun 10 CDe vum Fausti gewannen!

D'ganz Ekipp vun RTL wënscht alles Guddes!

FAUSTINO: En Documentaire vum Andy Bausch

De Fausti ass bekannt fir seng Stëmmungsmusek, seng Päischt-Croisièren a Fuesbaler. Déi wéinegst Leit wëssen awer, dass de Fausti Cima, dee populärsten Entertainer vu Lëtzebuerg, en extrem verséierte Museker ass, an datt seng musikalesch Bandbreet vum Jazz iwwert den Tango an de Swing bis zum Schlager geet.
Ëmmerhi steet hien zënter 68 Joer op der Bün! Am Café, am Cabaret, op den US-Basen, an den Danzsäll a Béierzelter... an heiansdo souguer am Palais.

De 24. Juli 1940 ass de Faustino an der Stad (am Gronn) als ee vu 7 Geschwëster op d'Welt komm, goung fréi an de Conservatoire, huet Quëtschkommoud geléiert a Gei a scho mat 12 Joer als Akkordeonist op engem Kiermesbal nom anere gespillt. An den Orchestere vum Johnny Nimax a Jempi Faust huet hie Gittar a Kontrabass gespillt a sech an der Garer Cabarets-Zeen zum Star-Batteur vu Lëtzebuerg entwéckelt. De Fausti huet am RTL-Orchester gespillt, beim Jean Roderes an huet tëscht 1970 a 74 mam saarlännesche Musekmanager Rudolf Strassner eng etlech däitsch Placken opgeholl. Parodien op populär englesch Tuben, wéi „Ich sitz' hier im Schlauchboot" oder „Das arme Mädchen von Seite 1".

Trailer