De Quinten Hermans konnt och déi 2. Etapp vun der 70. Editioun vun der Flèche du Sud wannen. De Belsch huet op de leschtere Metteren dem Hnik an Aerts d’Sekonnen ofgeholl a konnt mat engem Virsprong vun 2 respektiv 4 Sekonnen iwwert d’Ligne d’Arrivée fueren.
Als beschte Lëtzebuerger ass de Lex Reichling, Pit Leyer an den Ivan Centrone op 13 Minutten am Zil ukomm.
Insgesamt sechs Montéeën an iwwer 2.800 Héichtemeter hunn d’Cyclisten op der 2. Etapp vun der Flèche du Sud missen hannert sech bréngen - Deementspriechend schwéier haten et eng Rëtsch Coureuren. Ëmmer nees goufen et Attacken aus dem Haaptfeld eraus, bis datt sech eng 12 Leit ofsetze konnten.
Am weidere Verlaf vun der Course sinn ëmmer nees Coureuren zeréckgefall, anerer hunn hir Chance probéiert. An der Schlussphas vun der 2. Etapp war dunn een Trio mat dem Gianni Marchand, Jannik Steimle a Lucas Rüegg un der Spëtzt Hinnen direkt nofuere konnten iwwerdeems just de Lenneter Teugels a Jesper Schultz, ma och de Leader Quinten Hermans huet sech un d’Spëtzeleit erugewot. Esou goung et zu 6 Mann op de leschte Kilometer.
An dësen Hermans sollt seng Klass op en Neits ënner Beweis stellen, laanscht seng Konkurrente fueren a sech domat eng weider Victoire an der Flèche du Sud sécheren. Mat dësem Succès konnt de Belsch iwwerdeems seng Féierung am General verdeedegen.
Op der éischter Plaz am General läit no der 2. Etapp weiderhin de Quinten Hermans, dat mat engem 14-Sekonnen-Virsprong virum Toon Aerts. De Stef Krul gëtt iwwerdeems op Plaz 3 gefouert - dem Hollänner säin Ecart läit nom Freideg op 1 Minutt an 22 Sekonnen op den Hermans.
Den Ivan Centrone ass iwwerdeems vun der Positioun 17 op 51 zeréckgefall. An och de Pit Leyder huet iwwer 30 Plazen am Generalklassement verluer - hien ass elo den 53.