
Domat si schätzungsweis 10% vun den Delfinen am Tefé-Séi ëmkomm, wéi Déiereschützer en Dënschdeg matgedeelt hunn. Am Séi waren am Virfeld Waassertemperature vun iwwer 39 Grad gemooss ginn.
Lescht Woch goufen am Tefé-Séi 153 Delfin-Kadaveren entdeckt. Et handelt sech ëm 130 Amazonas-Delfinen an 23 Tucuxi-Delfinen. Béid Aarte si staark menacéiert a stinn op der Rouder Lëscht vun der Weltnaturschutzunioun IUCN.
Den Tefé-Séi läit am Häerz vum Amazonas-Gebitt am Nordweste vu Brasilien bei der Mündung vum Floss mam selwechten Numm. Eng schro Dréchent an héich Temperaturen haten an der Regioun dozou geféiert, dass d’Waasser an de Flëss immens niddereg ginn ass an d’Fësch ugefaangen hunn ze stierwen. D’Suitte wiere katastrophal, sou d’WWF-Naturschutzspezialistin Mariana Paschoalini Frias. D’Delfin- a Fëschstierwe wierkt sech op de “kompletten Ökosystem aus”.
Delfine gehéieren an den Ökosystemer zu de sougenannte Bioindicateuren, un deene sech Auswierkunge bestëmmter Aflëss op hir Ëmwelt ofliese loossen. “Wat mat hinne passéiert, spigelt sech och an aneren Aarte weider, inklusiv de Mënschen”, sou d’Paschoalini Frias weider.
D’brasilianesch Regierung huet wéinst der Dréchent Enn September Nouthëllefen un de Bundesstaat Amazonas geschéckt. Déi meescht vun de véier Milliounen Awunner sinn Indigeener. Fësch si fir si eng wichteg Nahrungsquell an d’Flëss hir wichtegst Verkéiersweeër. D’Mënsche beweege sech virun allem mat Booter um Amazonas an a senge villen Nieweflëss weider.
D’Dréchent gouf dëst Joer der Aschätzung vun den Experten no nach duerch de Wiederphenomen El Niño verschlëmmert. D’brasilianesch Ëmweltministesch Marina Silva sot, d’global Temperaturhausse duerch de Klimawandel hätt d’Lag zousätzlech verschlëmmert