Nei Attraktioun am Zoo vun OaklandDe klenge Biergléiw Crimson ass e Star op de soziale Medien

RTL mat Enex
Mat dräi Woche gouf de Crimson eleng an de Bierger vu Santa Monica fonnt.
Nei Attraktioun am Zoo vun Oakland
De klenge Biergléiw Crimson ass e Star op de soziale Medien.

Hien ass déi nei Attraktioun am Zoo vun Oakland a Kalifornien. De klenge Bierg-Léiw mam Numm Crimson ass schonn e richtege Star op de soziale Medien. Hien ass ee vun de jéngste Biergléiwen, ëm déi den Zoo sech jeemools gekëmmert huet. Mat dräi Woche gouf hien eleng an de Bierger vu Santa Monica fonnt. Seng Mamm huet hie méiglecherweis zeréckgelooss, well him un enger hënneschter Patt Zéiwe feelen. Elo gëtt hie mat der Fläsch gefiddert an eng Decke muss seng Mamm ersetzen. An der Wildnis hätt de Crimson nämlech eleng net kënnen iwwerliewen.

Back to Top
CIM LOGO