Wal "Timmy"Initiativ kann neie Rettungsversuch starten

AFP, iwwersat vun RTL
Den Ëmweltminister vu Mecklenburg-Vorpommern huet gréng Luucht fir e weidere Rettungsversuch vum Wal virun der Insel Poel ginn.
© JENS BUTTNER / DPA / DPA PICTURE-ALLIANCE VIA AFP

Am Kampf ëm d'Liewe vum Bockelwal an der Ostséi kann déi privat Rettungsinitiativ en neie Versuch woen, de Wal a méi déift Waasser ze kréien. Dat neit Konzept wier intensiv gepréift ginn, sot den Ëmweltminister Till Backhaus e Samschdeg op der Insel Poel. No der Kontroll wier d'Landesregierung zu der Erkenntnis komm, "dat mir dat net refuséieren an domat dulden".

D'Land Mecklenburg-Vorpommern huet keng Autorisatioun ginn, well et dem Recht no grondsätzlech erlaabt ass, engem hëlleflosem wëllen Déier ze hëllefen. Et gëtt "ëmmer sou gemaach, wéi wa mir iergendeppes behënneren oder verhënneren", esou nach de Backhaus. "Dat ass einfach net wouer." Wichteg wier just d'Fro, ob de Rettungsversuch ouni zousätzlech Gefore fir Mënsch an Déier ëmgesat ka ginn. D'Responsabilitéit fir d'Mesure géing weiderhi bei der privater Initiativ leien.

"Mir kréie muer oder elo an der Nuecht méi héich Waasserpeegelen", esou nach de Minister. Hie kéint net ausschléissen, datt sech de Wal vläicht och scho fréi um Moie vum selwen op de Wee géing maachen.

D'Autoritétien an d'Experten haten den Zoustand vum ronn zwielef Meter laangen Déier scho viru méi wéi dräi Wochen als esou kritesch agestuuft, datt si weider Hëllefsversich wéinst schlechten Iwwerliewenschancë gestoppt hunn. Wann e Wal sech e puer Mol veriert, wier et quasi sécher, datt e gravéierend gesondheetlech Problemer huet, dobäi kommen nach Komplikatioune wéi Organschied duerch d'Leien am flaache Waasser.

Back to Top
CIM LOGO