
De globale Konsum vu Kokain ass an de leschte Jore geklommen. De Vereenten Natiounen no goufen et eleng am Joer 2023 weltwäit 25 Millioune Konsumenten an d'Drog gëtt och ëmmer méi an de Gewässer nogewisen.
Eng gemeinsam Etüd vun der australescher Griffith University an der schweedescher Universitéit vun den Agrarwëssenschaften huet sech domat befaasst, wéi d'Drog d'Schwamm-Verhale vu wëlle Fësch an hirem natierlechen Habitat beaflosst. Dofir hunn d'Fuerscher Saumonen am Vattern-Séi a Schweden mat Kokain respektiv mat Benzoylecgonin, engem Produit, dee beim Ofbau vum Kokain am Kierper entsteet, a Kontakt bruecht, an duerno hir Beweegungen opgezeechent. Dobäi koum eraus, dass d'Fësch, déi "op Kokain" waren, 1,9 Mol esou wäit geschwomme sinn, wéi hir "clean" Aartgenossen.
Wéi et vun de Fuerscher heescht, wier all onnatierlech Verlängerung am Verhale vu wëllen Déieren e Grond zur Suerg. D'Verknaschtung vun de Gewässer mat Droge-Réckstänn géif eng grouss Gefor fir d'Biodiversitéit duerstellen. Ma aktuell géif een ëmmer méi héich Réckstänn vun Drogen a Medikamenter an natierleche Gewässer noweisen. Et misst een dowéinst onbedéngt op eng besser Rengegung vum Ofwaasser setzen.