Handwierksgeschier gëtt nom Kaf am Schnatt just 8-12 Minutte benotzt
Op guttgeschier.lu kënnt dir Geschier gratis ausléinen

D‘Emweltberodung Lëtzebuerg ASBL (EBL) gëtt et schonn 30 Joer an och scho laang mat der Superdreckskëscht. Hei geet et ëm d’Berodung Ëmweltberäich.
Der EBL ass opgefall datt vill Geschier ewechgehäit gëtt wat eigentlech nach gutt ass. Dëst Geschier hunn si gesammelt, vum Schrauwenzéier bis bei d'Buermaschinn, a verléinen et elo gratis aus hiren Zentren.
Den Nico Thielen huet sech dës Aktioun mam Slogan "léinen amplaz ze kafen" am Interview mam Fränz Hausemer méi genau erkläere gelooss.
Méi op guttgeschier.luebl.lu an sdk.lu.
SDK: d'Initiative GuttGeschier.lu 17.07.2025
Am meeschte gelies