Hutt dir där och nach am Gaart leien?
D'Superdreckskëscht entsuergt gratis Eisebunnsschwellen
Em d'90er war een sech net bewosst, datt dës praktesch Gaardendeko schiedlech Stoffer enthale géif.
Den Thierry Freres vun der SDK ass ënnert anerem zoustänneg fir d'Entsuergung vun Eisebunnsschwellen. Déi goufen an der Zäit oft em Gaart verbaut, ma no Analysen ass kloer ginn, datt de Goudron-Ueleg, dee gebraucht gouf fir d'Schwellen ze impregnéiere schiedlech fir Mënsch an Natur ass.
Wann dir där Schwellen nach em Gaart hutt kann d'Superdreckskëscht se siche kommen. Dir braucht se just transportfäerdeg prett ze leeën.
Méi zum Thema op sdk.lu.
SDK - Thierry Freres - 15.10.2025
Am meeschte gelies