SDK Akademie: Formatioune fir Schoulen a Betriber
D'Superdreckskëscht klärt op a forméiert
De Formatiounsprogramm ass spezifesch op d'Besoinen vun den Entreprisen oder deene verschiddene Schouljoren ugepasst.
D'Natacha Dell vun der Superdreckskëscht erkläert eis am Interview datt d'SDK Akademie dofir zoustänneg ass, d'Leit ze informéieren an ze sensibiliséieren zu den Themen, Recycling, Ressourceschounung an Nohaltegkeet.
Formatioune kënne souwuel vum Léierpersonal wéi och vu Betriber gebucht ginn. D'Formatiounen dauere vun 1-2 Stonnen.
Méi Detailer héiert Dir am Interview, oder gitt op SDK.lu.
D'SDK Akademie - Natacha Dell
Am meeschte gelies