Entdeckt de Konschtprojet "Dechets Morts" vum 02.10.25 un
Déchets morts / © Jessica Theis
D'Jessica Theis ass Fotografin a beschäftegt sech zanter méi laang scho mat der Thematik vun der Nohaltegkeet.
De Projet "Dechets morts" ass entstanen aus engem fréiere Projet vum Jessica Theis deen 1001 Tonne geheescht huet, a bei deem et em Offall gaang ass deen d'Leit an d'Natur gehäit hunn.
Den neie Projet dréint sech em Produiten déi eng kuerz Liewensdauer hunn, an déi da mussen entsuergt ginn. Dës goufen op eng kënschtleresch Manéier fotograféiert an an Zeen gesat. Am Virfeld huet d'Jessica Recherche gemaach, och zesumme mat der Superdreckskëscht.
De Projet kann ee vum 02. Oktober 19:00 bis den 19. Oktober 2025 an der Galerie A Spiren zu Stroossen entdecken.
Méi Detailer iwwert de Projet an d'Nohaltegkeet fannt dir op jess.lu an op SDK.lu.