Vill Geschier dat mir entsuerge geet eigentlech nach. De Projet ReUse gëtt hinnen eng verdéngt zweet Chance.

Ecotrel huet dëse Projet schonn 2019  lancéiert. D'Chiara Wohl vun der SDK erkläert dem Nico Thielen am Interview datt zanter 2025 d'Leit hier mobil Apparater och bei der mobiller Sammlung vun der Superdreckskëscht kënnen ofginn: 
Hei geet et ëm sougenannt "Elektro-Kleingeräter" dat heescht vum Radio bis Printer bis zum Staubsauger. Dobäi gehéieren och Smartphones, déi manner wéi 5 Joer hunn oder Laptoppe mat manner wéi 10 Joer.

Bei Nei Aarbecht ginn d'Geräter kontrolléiert, a virbereet. Duerno kommen se an hire Buttek op Hielem wou d'Geräter weiderverkaf ginn. 
IT Geräter komme bei Digital Inclusion wou se u Bierger weider gi ginn, déi manner einfach Zougrëff op sou Geräter hunn.

Méi zum Thema op sdk.lu.

SDK - Chiara Wohl - 23.10.2025