Wësst Dir wéi een e Constat d'Accident richteg ausfëllt? Fir dass Dir am Fall vun engem Autosaccident net laang iwwerleeë musst, erkläre mir Iech hei wéi een am beschte virgeet. Well e falsch ausgefëllte Constat kann zu Verzögerungen an der Scholdfro oder der Schuedensreegelung féieren.

Roueg bleiwen

Egal ob et sech ëm e groussen oder klengen Accident handelt, dacks steet een dono ënner Schock. Dat Wichtegst ass, dass Dir Iech ausser Gefor befannt éier Dir de Constat ausfëllt. Stellt Iech dofir hannert d'Leitplank oder gitt e Stéck ewech vun der Strooss, dot Är Sécherheetswest un a stellt de Warndräieck op.

Präzis Informatiounen

Wann Dir dann domat ufänkt de Constat auszefëllen, sollt Dir dat esou präzis wéi méiglech maachen. Ganz uewen um Constat ginn déi allgemeng Informatiounen zum Datum, der Auerzäit, de Blesséierten an eventuellen Zeie gefrot.

An der nächster Rubrik musst Dir fir déi zwou implizéiert Parteien d'Kolonn A a B mat de jeeweilegen Donnéeë vum Auto, dem Chauffeur, dem Assureur asw. ausfëllen. Et ass ganz egal, wiem seng Donnéeën a wéi enger Kolonn stinn. Denkt drun d'Donnéeë vun der Géigepartei ze iwwerpréifen. Fir den Oflaf vum Accident ze verdäitlechen, zeechent eng Skizz a verweist mat Feiler op d'Plaze vun de Schied un den Autoen. Et ass och unzerode fir Fotoen ze huelen an Ärem Assureur déi ze schécken.

An der mëttelster Kolonn gëtt den Oflaf vum Accident beschriwwen. Déi meescht Fäll kënnen unhand vun de Caseën, déi Dir ukräize kënnt, erkläert ginn. Wann dëst net de Fall ass, da präziséiert d'Ëmstänn an der Sektioun „Observations“.

D'Ënnerschrëft

Wann de Constat vun deenen zwou Parteien ausgefëllt a kontrolléiert gouf, kënnt Dir ënnerschreiwen. No der Ënnerschrëft dierf awer näischt méi op der éischter Säit geännert ginn.

Wann Dir net averstane sidd mat dem wat um Constat steet, da sollt Dir net ënnerschreiwen. Och net, wann een Iech dozou drängt. D'Assureure probéieren dann dono d'Scholdfro ze reegelen.

Wichteg ze wëssen

Ee Constat besteet aus zwee Originaler, wou déi éischt Säit duerch den Drock vum Bic beim Ausfëllen automatesch op déi zweet Säit iwwerholl gëtt. Esou huet all Partei en identescht Exemplar fir sengem Assureur ze ginn. Pro Accident muss also just een eenzege Constat ausgefëllt ginn. Wa méi Gefierer un engem Accident bedeelegt sinn, da soll jeeweils ee Constat mat all deene Parteien ausgefëllt ginn, déi um Schued mat oder un Ärem Auto bedeelegt waren. Wann Dir also engem hannendrop an en anere gläichzäiteg an Iech knuppt, da musst Dir ee Constat mat dem engen an en zweete Constat mat dem aneren ausfëllen.

Och an der Vakanz

Denkt och drun e Constat matzehuelen, wann Dir mat Ärem Auto oder engem Locatiounsauto an Europa ënnerwee sidd. De Constat d'accident, deen Dir vu Lëtzebuerg aus kennt ass nämlech gëlteg a ganz Europa.

Prakteschen Tipp

Iwwer d'easyAPP vu LALUX kënnt Dir e personaliséierte Constat mat Ären Donnéeën ufroen. Dëst ass einfach a gratis!

Denkt och drun Ären Auto optimal ze versécheren. easyPROTECT Auto vu LALUX bitt Iech dräi verschidde Formelen, déi sech un Är Besoinen upassen.

Bonne route!