Ouni Stress studéieren!

D'Première ass an der Täsch, an elo? Fir dass Dir an aller Rou Äert Studium oder Är Léier absolvéiere kënnt, huet LALUX en eenzegaartege Versécherungspackage entwéckelt, deen Äre Besoinen entsprécht.
Eng komplett Ofsécherung fir Äert Studium oder Är Léier
Säin Doheem ze verloosse fir an d'Ausland studéieren ze goen, kann eng grouss Erausfuerderung sinn. No der éischter Euphorie iwwer de gepackte Premièresexamen ass et un der Zäit fir akkurat ze plangen: den definitive Choix vun der Uni treffen, d'Coursen eraussichen, eng Wunneng fannen, nei Frëndschaften an engem internationalen Ëmfeld schléissen. Dobäi kënnt och nach d'Gestioun vum alldeegleche Liewen: den Haushalt maachen, Rechnunge bezuelen, Problemer mat der Internetverbindung léisen…
Dësen neie Liewensofschnëtt ass enorm spannend a fir dësen a vollen Zich ze genéissen, ass et wichteg alles gutt z'organiséieren, fir eventuell Iwwerraschungen am Zesummenhang mat Finanzen, der Wunneng oder der Gesondheet z'evitéieren. Mat easyPROTECT Discover schaaft LALUX Sécherheet fir d'Studenten an hir Elteren.
Keng onerwaarten Iwwerraschungen
Dacks ass ee sech dem Oflaf vun den administrative Prozeduren am Studieland net bewosst. Wat maachen, wann Dir op eemol d'Zänn wéi hutt, krank gitt oder eng onerwaart Verletzung erleit? Wéi bezilt een déi noutwenneg medezinesch Consultatiounen, Medikamenter oder esou guer e Spidolsopenthalt? Oder wat geschitt, wann de Laptop op deem Dir Är Ofschlossaarbecht schreift de Geescht opgëtt, nodeems Dir de batter néidege Kaffi driwwer ausgeschott hutt? Wéi sollt Dir virgoen, wann Dir Äre Smartphone geklaut kritt?
easyPROTECT Discover ass eng Versécherungsléisung, déi speziell fir Studenten, Léierbouwen a -meedercher ënner 27 Joer, déi egal wou an Europa studéieren, entwéckelt gouf. De Basisschutz ëmfaasst dobäi déi privat Haftflicht, de Schutz vun der Wunneng géint Waasser- a Feierschied, Glasbroch a Schied un de Miwwelen. Esou eng Ofdeckung ass a ville Länner obligatoresch, wann Dir eng Wunneng oder en Zëmmer loune wëllt.
Eng komplett international Ofsécherung
Zu der genannter Basisgarantie kënnen och nach aner optional Schutzmoossnamen ofgeschloss ginn. Dozou gehéiert déi weltwäit Ofsécherung vun Ären informatesche Geräter (Laptop, Smartphone etc.) viru Broch an Déifstall. Eng zousätzlech medezinesch Couverture kann an deene Länner sënnvoll sinn, an deenen déi gesetzlech Krankeversécherung nëmmen en Deel vun der medezinescher Versuergung oder Zänndoktere rembourséiert. Eng schwéier Erkrankung oder den Doud vum Student oder engem vun den Eltere kann zu engem fréizäitegen Ofbroch vum Studium féieren. An dësem Fall kënnen d'Aschreiwungskäschte rembourséiert ginn. Och ginn an engem Noutfall d'Réckféierungskäschte vun easyPROTECT Discover iwwerholl. Wann d'Eltere scho LALUX-Client sinn, da kritt Dir op de komplette Versécherungspackage interessant Reduktiounen.
Wann de Student d'Chance huet, en Auslandssemester op engem anere Kontinent ze maachen, kann d'IT- an d'Krankeversécherung fir e limitéierten Zäitraum och op ausserhalb vun Europa erweidert ginn.
easyPROTECT Discover gëtt et säit 2017. Et ass déi éischt an eenzeg Komplettléisung zu Lëtzebuerg fir Studenten, Léierbouwen a -meedercher.
Méi Informatiounen a Präissimulatioune fir easyPROTECT Discover.