Egal ob Renovatioun, Ëmbau oder Neibau – den Erfolleg vu sou engem Projet hänkt haaptsächlech vun enger gudder Virbereedung of. Dofir ass et esouwuel fir Entreprisë wéi och fir Privatleit nëtzlech, hire Chantier viru méigleche Schied ze schützen, andeems si eng Bauversécherung bei engem zouverlässege Partner ofschléissen.

Schonn um Ufank vum Projet kann esouwuel un der Konstruktioun selwer wéi och bei Drëtte Schied optrieden, wéi zum Beispill um Nopeschgebai, den Autoen, déi virum Chantier geparkt sinn oder souguer Foussgänger. Also, wéi eng Aarte vu Versécherung si fir en Immobiliëprojet ze recommandéieren?

Dat Wichtegst wärend den Aarbechten

D'Schied, déi wärend de Bauaarbechte kënnen entstoen, kënne vill Ursaachen hunn, dorënner mënschlech Feeler, awer och Naturgewalten.

D'Tous Risques Chantier Versécherung, déi virum Ufank vun den Aarbechten ofgeschloss gëtt, deckt all déi materiell Schied, déi wärend de Bauaarbechten optriede kënnen. Dës Ofdeckung bezitt sech op dat eigentlecht Gebai, mee och op d'Baumaterial, d'Equipementer, d'Aarbechter an  Drëtter. Eng séier Prise en Charge vun de Schied verhënnert och en temporäre Baustopp.

Heefeg Virfäll, déi vun APROBAT ofgedeckt sinn, ëmfaasse Schied duerch wiederbedéngten Evenementer wéi Stuerm, Knëppelsteng oder Feier.  Och Schied un de Fënsteren, Rëss déi d'Stabilitéit vum Gebai kompromettéieren, Schied un Drëttpersounen a Materialschied no engem Berechnungsfeeler trieden dacks op a gi vun der Versécherung iwwerholl.

E rouegt Gewëssen och no Ofschloss vun den Aarbechten

D'Zéngjores-Haftflichtversécherung (RC Décennale) fänkt bei Fäerdegstellung vum Chantier un. Duerch dës sidd Dir géint materiell Schied um Gebai nom Ofschloss vun den Aarbechte verséchert. Fir dës Versécherung ofzeschléissen, ass eng technesch Inspektioun duerch e Kontrollbüro wärend der Bauphas obligatoresch. D'Ingenieure vun APROBAT maachen dës technesch Inspektioun selwer, wat zu méi nidderege Käschten a vereinfachte Prozedure féiert. Duerch d'Kontrollen, déi reegelméisseg wärend de Bauaarbechten duerchgefouert ginn, fir déi fachgerecht Bauausféierung z'iwwerpréiwen, gëtt d'Qualitéit vun den Aarbechte garantéiert.

De Versécherungskontrakt beleeft sech op 2 Joer (kleng Aarbechten) an 10 Joer (Gros-oeuvre). Dank der Zéngjores-Haftflicht ginn Är Schied och am Fall vun der Faillite vum Entrepreneur indemniséiert. D'Versécherung ass nämlech un dat verséchert Gebai gebonnen an net un d'Entreprise selwer.

Déi gängegst Schied, déi vun der Zéngjores-Haftflichtversécherung ofgedeckt sinn, sinn ënner anerem Problemer am Zesummenhang mat der Ofdichtung, Rëss an der Fassad, Plättercher, déi lassginn a Waasserschied.

U wie kann ee sech wende fir eng Bauversécherung?

APROBAT LALUX Assurances spezialiséiert am Bauberäich. Si besteet aus engem Grupp vu Spezialisten a bitt eng optimal a perséinlech Berodung souwéi eng komplett Léisung fir Äre Bauprojet un.

Gutt ze wëssen

Et ass essentiel, dass Dir d'Versécherung virum Ufank vun de Bauaarbechten ofschléisst.

Méi Informatiounen zu de Bauversécherungen.