Preparéiert Är Pensioun a spuert Steieren

Fir Äre Liewensstandard och an der Pensioun ze halen, ass et wichteg haut scho Virbereedungen ze treffen!
Mat der ëmmer méi héijer Liewenserwaardung sinn, an der Moyenne, d'Prestatiounen, déi mir an der Pensioun ausbezuelt kréien, duebel esou héich wéi dat, wat mir wärend eiser berufflecher Karriär cotiséieren. Dofir klamme säit e puer Joer d'Suergen doriwwer, wéi laang de Lëtzebuerger Staat déi aktuell gesetzlech Pensiounen oprecht erhale kann. Et ass also absolut noutwendeg, Är Zukunft gutt virzebereeden. Entdeckt all déi wichteg Punkten, op déi Dir musst oppasse fir déi beschtméiglechst Pensioun virzegesinn.
Profitéiert direkt vu steierleche Virdeeler
Wosst Dir, dass d'Steiergesetz eng ganz Rëtsch un interessante Virdeeler bitt? All Joer kënnen d'Primme vun Ärem Pensiounsplang Äert besteierbaart Akommes reduzéieren. Dir kënnt dës als „Dépenses Spéciales“ an Ärer Steiererklärung uginn:
- Bis zu 3 200€ pro Joer u Primmen, déi Dir am Kader vun enger Zousazpensiounsversécherung, déi Dir selwer ofschléisst, bezuelt
- Bis zu 1 200€ pro Joer u perséinleche Beiträg, déi Dir am Kader vun engem betriblechen Zousazpensiounsplang, dee vun Ärem Employeur ugebuede gëtt, bezuelt. Informéiert Iech bei Ärer Entreprise, ob esou e Pensiounsplang besteet. Heibäi handelt et sech ëm en interessanten Avantage en Nature, wou Ären Employeur Iech bei der Finanzéierung vun Ärer Pensioun ënnerstëtzt.
Wärend der Dauer vun Ärem Kontrakt profitéiert Dir deemno all Joer vu bedeitende Steiererspuernesser andeems Dir de Betrag vun de bezuelte Primmen ofsetzt. Soumat kënnt Dir haut vum Liewe profitéieren an Iech mat engem gudde Restaurant oder enger Vakanz verwinne, wärend Dir gläichzäiteg Är Pensioun virbereet!
Är Pensioun jonk virbereeden
Et ass kee Geheimnis: wat Dir méi jonk fir Är Pensioun spuert, wat d'Kapital um Enn méi grouss ass. Et also unzerode mat Zäiten ze handelen, well de Montant vun der gesetzlecher Pensioun warscheinlech net wäert duergoe fir Äre Liewensstandard no Ärem beruffleche Liewen ze halen. Ouni Virbereedunge wäert Äert Akommes sech drastesch reduzéieren.
Wéi eng Méiglechkeete ginn et?
Als Privatpersoun hutt Dir mat easyLIFE Pension vu LALUX d'Wiel tëschent zwou verschiddene Formelen:
- D'Formel Performance fir en eventuell méi héije Rendement: mat dëser Formel hutt Dir d'Méiglechkeet vun engem Pensiounsplang ze profitéieren, deen un Investmentfonge gebonnen ass. Är Erspuernesser entwéckelen sech entspriechend zu den ausgewielte Fongen.
- D'Formel Sécurité fir e garantéierte Spuerbetrag: heibäi wielt Dir e klassesche Pensiounsplang mat engem garantéierte Rendement an eventuelle Gewënnbedeelegungen.
Sidd Dir Independant oder Fräiberuffler?
- lalux-Safe Future ass e Produit, dee speziell ob déi steierlech Virdeeler fir Independanten a Fräiberuffler ausgeriicht ass. Et handelt sech hei ëm eng Versécherungsléisung op d'Mooss a setzt sech aus flexibele Garantien, déi un Är individuell Besoinen ugepasst sinn, zesummen. Spuert fir Är Pensioun a schützt déi, déi Iech am wichtegste sinn.
Iwwerzeegt?
Da berechent elo Är Steiererspuernesser mam Simulator vu LALUX. An e puer Klicks kann dëse Simulator schätzen, wéi vill Steieren Dir mat easyLIFE Pension spuere kënnt.