
Är Prioritéit ass virun allem Är Léifsten oder Äre Betrib virun de finanziellen Turbulenze vun Ärem Doud ze schützen? Dann ass eng Liewensversécherung déi ideal Léisung. Well dës erlaabt Iech Virsiicht mat Spueren ze kombinéieren.
Eng Liewensversécherung ass e Spuerinstrument, dat Iech erlaabt e Verméigen iwwer eng laang Dauer opzebauen. Heibäi ginn et gi verschidden Zorte vu Liewensversécherungen:
D’Versécherungszomm hänkt staark vun Ärer perséinlecher Situatioun a soumat vu verschiddene Facteuren of, wéi:
Jonk Famille brauchen allgemeng eng méi héich Ofsécherung wéi eng Koppel ouni Kanner. An der Reegel sinn 3 Joresakommes e gudde Startpunkt.
De Beneficiaire ass déi Persoun, déi d’Recht op d’Kapital, also op dee gespuerte Montant, huet:
De Choix vum Beneficiaire ass eleng dem Preneur d’assurance säin, keng aner Persoun ass autoriséiert Ännerunge virzehuelen. Dëse Choix kann zu all Moment gemaach ginn: beim Ofschloss vun der Versécherung oder wärend der Lafzäit vum Kontrakt. De Preneur d’assurance ka säin oder seng Beneficiairen esou oft ännere wéi hien oder si wëll, an dat ouni zousätzlech Käschten.
Am Allgemenge leet sech de Beneficiaire aus enger klassescher Devolutioun of, et handelt sech dobäi also dacks ëm de Partner oder ëm d’Kanner. Et gëtt gerode vun dëser Designatioun nëmmen dann ofzewäichen, wa se wierklech net gewënscht ass!
An dësem Fall ginn et dann zwou verschidde Méiglechkeeten e Beneficiaire ze bestëmmen:
Eng nominativ Bezeechnung muss reegelméisseg kontrolléiert gi fir sécher ze sinn, dass de Choix nach ëmmer der aktueller Situatioun entsprécht. Eng qualitativ Bezeechnung evoluéiert, ouni dass de Kontrakt ugepasst muss ginn.
Dir kënnt ganz einfach d’Beneficiairë vun Ärer Liewensversécherung an der easyAPP vu LALUX kucken. An am Fall vun engem Bestietnis, enger Scheedung oder der Gebuert vun engem Kand, ass et wichteg, dass Dir drun denkt Äre Choix ze kontrolléieren, fir dass d’Beneficiairë vun Ärem Kontrakt nach ëmmer déi sinn, déi Dir wëllt hunn.
Mat dësen Tipps evitéiert Dir fir Är Léifst an onbequeem oder delikat Situatiounen ze versetzen.
Klickt hei fir méi iwwer Liewensversécherunge gewuer ze ginn.