Den Autosfestival, de Rendez-vous zu Lëtzebuerg am Ufank vum Joer, steet un a soumat och d'Reflexioun doriwwer den Auto ze wiesselen. Egal ob Dir plangt en Auto ze kafen oder ze leasen, dëse Guide begleet Iech bei all Etapp.

De Wäert vun Ärem Echange maximiséieren

Den éischte Schratt ass Ären aktuellen Auto grëndlech ze evaluéieren. Andeems Dir d'Charakteristike mat änlechen Annoncë vergläicht, kritt Dir eng Iddi vun engem realistesche Verkafspräis. D'Autosgaragë bidden och dacks Reprise-Offeren un, mat deenen d'Verkafsprozedur vereinfacht gëtt.

Sidd Iech awer bewosst, dass de Montant vun der Reprise generell manner héich ass, wéi de Verkafspräis, wann Dir Ären Auto privat verkaf kritt.

Déi bescht Optioun fir Äre Liewensstil

Dir zéckt tëschent Kaf a Leasing? Hei sinn e puer Argumenter fir de richtege Choix ze treffen. Wann Dir Iech fir e Kaf entscheet, da sidd Dir aleng de Proprietaire, kënnt den Auto maximal personaliséieren an hutt keng Kilometeraschränkung. Wann Dir fir d'Finanzéierung e Prêt maacht, da kënnen d'Mensualitéite méi héich sinn.

Anerersäits hutt Dir de Leasing, wou d'Mensualitéiten dacks méi gënschteg, de Wiessel op e méi neie Modell méi heefeg an d'Entretiene méi virdeelhaft sinn. Dir hutt awer dofir eng Kilometeraschränkung. Ausserdeem hutt Dir dacks net d'fräi Wiel vun Ärer Versécherung.

Mat Time2Lease kënnt Dir de Leasing wielen a weiderhin Är LALUX-Versécherung halen. Dëst erlaabt Iech vun de Virdeeler vum Leasing ze profitéieren, an awer och eng performant Ofdeckung an d'Servicer vun Ärem Agent an Usproch ze huelen.

Am Endeffekt hänkt de Choix tëschent Kaf oder Leasing vun Äre perséinleche Virléiften, Ärem Liewensstil an Äre laangfristege finanziellen Ziler of. Analyséiert Är Besoinen opmierksam fir déi bescht Optioun fir Iech ze bestëmmen.

Är Versécherung wielen an aktualiséieren

Zu Lëtzebuerg ass just d'Autohaftflicht vum Gesetz virgeschriwwen. Dës deckt awer just déi Schied of, déi enger drëtter Persoun verursaacht ginn. Weder d'Schied un Ärem Auto nach déi um Chauffeur ginn indemniséiert. Dofir ass et wichteg eng spezifesch Versécherung ofzeschléissen, déi Iech couvréiert, wann Dir hannert dem Steier sidd, an Ären (neien) Auto mat enger Casco ze versécheren.

Wann Dir Äre Liblingsmodell gewielt hutt, freet de Garage Iech beim Ofschloss vum Kaf den Numm vun Ärer Versécherungsgesellschaft a schéckt hir eng Demande fir eng «Gréng Kaart», also dem Versécherungsnoweis, fir dass Dir en règle sidd, wann Dir aus dem Garage fortfuert. Dir musst just Ärem Agent matdeelen, wéini de Kontrakt vum alen Auto soll gekënnegt ginn. Wann Dir e Leasingsauto iwwer Time2Lease wielt, ass d'Prozedur déi selwecht.

Eng Transaktioun tëschent Privatpersounen

Wann Dir en Occasiounsauto vun enger Privatpersoun kaaft, da sidd Dir verantwortlech fir all d'Formalitéiten am Zesummenhang mat der Umeldung vum Auto bei der SNCA. Och an dësem Fall hëlleft Ären Agent Iech den Auto ze versécheren an eng Gréng Kaart auszestellen. Dës braucht Dir fir d'Prozedur bei der SNCA erfollegräich ofzeschléissen.

An aller Rou fueren

Zéckt net Äre LALUX Agent ëm Rot ze froen an d'Formulle vun easyPROTECT Auto ze consultéieren, déi sech perfekt un Är Besoinen upassen.

Mat dësen Etappe verleeft den Iwwergang op Ären neien Auto ganz entspaant. Profitéiert voll a ganz vun Ärer Autosexperienz!