D'Limitte vum gesetzleche Pensiounssystem kennen, an handelen.

An enger Zäit, wou d'Diskussioune ronderëm déi gesetzlech Pensiounen nees opkommen, wëlle mir Iech e puer Erklärunge mat op de Wee ginn, fir d'Erausfuerderunge vum aktuelle System ze verstoen, an Iech virun allem mat e puer Tipps weisen, wéi Dir d'Saach an d'Hand huele kënnt. Dir drot domat net nëmmen zu der Ofsécherung vun Ärer Zukunft bäi, mee kënnt och nach all Joer Steiere spueren!
De gesetzleche Pensiounssystem zu Lëtzebuerg ass e System vun der sougenannter „Verdeelung”, dat bedeit, datt Cotisatiounen, déi vun der aktiver Bevëlkerung agezu ginn, benotzt ginn, fir d'Pensiounen ze bezuelen. Den aktuelle Projektiounen no wäert de Montant vun de Pensioune vun 2027 u méi héich si wéi de Montant vun de Cotisatiounen. D'Reserv, déi bis dohinner ugeluecht gouf, muss deemno vun deem Ament un an Usproch geholl ginn. Deene selwechte Projektiounen no wäert des Reserv am Joer 2047 komplett opgebraucht sinn.
Et schéngt also kloer, datt den aktuelle System net endlos weidergefouert ka ginn.
Fir d'Limitte vum aktuelle System nach besser ze verstoen, kuckt Iech de Video vum Claudia Halmes-Coumont, Direktesch vu LALUX-VIE un.
Virun den Ännerunge vun dësem System, iwwer déi d'Politiker grad debattéieren, kënnt Dir awer och elo schonn op Ärem Niveau aktiv ginn an Iech eng Altersvirsuerg uleeën. Dës Liewensversécherungsléisung gëtt iwwregens och vum Staat ënnerstëtzt an ass mat interessante steierleche Virdeeler verbonnen. D'Primmen, déi Dir an esou e Kontrakt investéiert, kënnen am Kader vum Artikel 111bis vum Gesetz iwwer d'Akommessteier (L.I.R.) bis zu engem Betrag vun 3.200 EUR d'Joer steierlech ofgesat ginn.
Jee no Ärem Akommes an Ärer steierlecher Situatioun kënnt Dir esou vu Steierreduktioune vu bis zu 45 % vum investéierte Betrag profitéieren. Dat erlaabt Iech, fir den Alter ze spueren an all Joer vu gréissere Steiervirdeeler ze profitéieren.
Entdeckt Är Steiervirdeeler mam Simulator vu LALUX Assurances.
easyLIFE Pension ass eng komplett flexibel Léisung, déi sech perfekt un Är Situatioun upasst:
- Dir kënnt scho vu 25 EUR de Mount un investéieren an dëse Betrag upassen, wéini Dir wëllt.
- Dir kënnt tëschent verschiddene Formele vun Investissementer wielen:
- D'Formel Sécurité garantéiert de Montant, deen Dir ugespuert hutt, egal wat geschitt.
- D'Formel Performance, déi un Investmentfonge gebonnen ass, bitt e potenziell méi héije Rendement.
- Bei der Echeance vun Ärem Kontrakt kritt Dir Är Erspuernesser entweeder a Form vun engem Kapital oder a Form vun enger liewenslaanger Rent ausbezuelt, de Choix bleift Iech iwwerlooss.
Wann Dir Salarié sidd, da frot bei Ärem Employeur no, ob hien eng Zousazpensiounsversécherung ageriicht huet. Wann dat de Fall ass, kënnt Dir dës och mat perséinleche Cotisatiounevu bis zu 1.200 EUR d'Joer ergänzen. De groussen Avantage vun dëser Léisung besteet doranner, datt Dir domat all Mount Äert steierflichtegt Akommes reduzéiere kënnt. Dir profitéiert deemno direkt vu Steierreduktiounen, an dat all Mount.
Wann Dir Independant sidd, ass lalux-Safe Future speziell fir Iech gemaach. Si erlaabt Iech och, vu steierleche Virdeeler ze profitéieren, déi duerch d'Ausdeenung vum Geltungsberäich vum Gesetz iwwer d'Pensiounszousazversécherungen op Fräiberuffler an Independantë méiglech gemaach goufen.
A schliisslech sollt Dir och als Employeur net zécken, en Zousazpensiounsversécherungssystem wéi lalux-Staff Protect fir Är Mataarbechter anzeriichten. Dëse Kontrakt, dee souwuel fir de Betrib wéi och fir seng Mataarbechter steierlech vu Virdeel ass, kann den Ënnerscheed maachen, fir Är Ekippen ze motivéieren, Är wäertvollst Mataarbechter ze fideliséieren an nei Talenter unzezéien.
Egal wéi Är Situatioun ausgesäit, et gi Léisungen, déi Iech op Ärem Niveau zur Verfügung stinn an déi aktiv dozou bäidroen, den Erausfuerderungen am Beräich vun de Pensiounen entgéintzetrieden an Är Zukunft ofzesécheren, an Iech interessant Virdeeler bidden.
Zéckt net, mat Ärem LALUX-Agent doriwwer ze schwätzen, hie beréit Iech gären.