Kierfchen.lu weist wou Uebst fräi gepléckt oder ofkaf ka ginn

© CBosseler Photography
Den Hierscht faszinéiert net just duerch seng schéi faarweg Blieder, mee markéiert och den Héichpunkt vun der Uebstsaison hei am Land.
Äppel a Bire ginn et dëst Joer eng Partie – dat selbstverständlech och an den dräi Naturparken Öewersauer, Our a Mëllerdall.
Fir all déi, déi selwer keng Uebstbeem hunn, gëtt et elo eng praktesch Léisung: kierfchen.lu. D’Plattform gouf vum Natur- & Geopark Mëllerdall an d’Liewe geruff an ass zanter dësem Joer fir dat ganzt Land op. Hei kann een erausfannen, wou Uebst fräi gepléckt oder ofkaaft ka ginn. Donieft kënne Benotzer och Annonce schalten – entweder fir Uebst ofzeginn oder well se selwer no enger bestëmmter Quantitéit sichen. Och Produzenten a Restauranten, déi lokaalt Uebst weiderverschaffen, sinn um Portal vertrueden.
Am Géigesaz zur Aktioun Gielt Band, wou ee selwer d’Uebst vun de Beem plécke kann, bitt kierfchen.lu d’Méiglechkeet, nach eppes fir säin Uebst ze kréien. Natierlech kann ee säin Uebst och tauschen oder gratis ofginn. D’Propriétairen hun z.B. d’Méiglechkeet hiert Uebst scho gepléckt unzebidden a musse keen Accès bei hier Beem erlaben.
Op kierfchen.lu kann een doriwwer eraus och no sougenannten Erntehelfer sichen oder selwer ubidden, bei der Récolte ze hëllefen. Eng nëtzlech Zousazfunktioun ass de Saisonskalenner, deen hëlleft, d’Aarbechten am Bongert iwwert d’Joer am A ze behalen.
Fir datt Beem och an Zukunft gesond bleiwen a vill Friichten droen, organiséieren déi dräi Naturparken all Joer Uebstbamschnëttcoursen. Dobäi kritt ee praktesch Tipps fir d’Erhale vu jonken an ale Beem.
All d'Informatioune fannt dir op kierfchen.lu, naturpark.lu. Op Youtube gëtt een nach emol am Detail gewuer, wat genau Bongerte sinn, a wat een am "Léierbongert" ka maachen.