De Projet dréint sech em d'gesond Ernärung an de Maisons relais a Crèche vu Gemengen.

Natur genéissen - Liz Mersch - Naturparken 06.10.2025

D'Liz Mersch, Diététicienne bei naturpark.lu erkläert an dësem Interview méi iwwert de Projet "Natur genéissen". 
D’Initiativ ass virun 10 Joer beim Sicona, aus engem Naturschutzgedanken eraus entstan. Zanter 4 Joer gëtt de Projet aktiv an den dräi Naturparken Öewersauer, Our a Mëllerdall ëmgesat.

Hei geet et drëm, regional Produzenten, déi sech fir de Naturschutz asetzen, ze ënnerstëtzen – an gläichzäiteg eng gesond Ernährung fir d’Kanner ze fërderen.
D’Naturparken hëllefen dobäi net nëmmen de Käch beim Akafen, mee och den Educateuren, d’Kanner fir eng bewosst Ernärung ze sensibiliséieren.

Am Moment maachen an den Naturparken 24 Produzenten mat – dovun 19 Biobaueren an 5 konventionell Betriber, déi sech all un d’Natur genéissen Krittäre halen. 
An 11 Gemengen kafen d’Maison relais oder d’Crèchen no de Richtlinne vum Projet an.

Et gëtt regional a saisonalt Geméis an Uebst kaf, Fleesch, Eeër, Mëllechprodukter aus der Géigend, an fir Produkter déi vun méi wäit kommen – wéi Banannen oder Reis – gëtt op fair gehandelt Produkter zréckgegraff.
Eng gesond Ernährung bedeit awer och: frësch kachen, Fäerdegprodukter vermeiden, a Produkter mat manner Zocker auswielen.
E gutt Beispill sinn d’Müsli’en. Déi speziell fir Kanner ugebuede ginn, si leider dacks voller Zocker. Besser ass et, naturbeloossen Müslien ze wielen, déi een dann mat frëschem Uebst oder e bëssen Hunneg verfeinere kann.

Méi op naturgeneissen.lu