Den November ass méi eng däischter Zäit, mee d'Nuechte bleiwen dacks wéinst diversen Zorte vu Beliichtung hell.

Liichtverschmotzung - Daniel Gliedner - Naturparken 03.11.2025

De Liichtberoder vum Naturpark Our, Daniel Gliedner, verzielt eis an dësem Interview méi iwwert d'Liichtverschmotzung.
An der Nuecht gëtt et ëmmer méi kënschtlecht Liicht, wat een da Liichtverschmotzung nennt. Doduerch gesi mir bal keng Stäre méi, Déiere ginn an hirem natierleche Rhythmus gestéiert, an och mir Mënsche schlofen dacks méi schlecht. Och d’Orientéierung vu Mamendéieren, Villercher oder Insekte gëtt schwéier, well se duerch d’Luuchten aus der Balance kommen. Et ass also e richtege Problem fir d’Natur an och fir eis Gesondheet.

RTL

Lichtverschmutzung / © (c) NaturparkOur_AnnaMolzahn

Fir deem entgéintzewierken, kann ee scho mat klenge Schrëtt vill erreechen: 
Luuchten nëmmen do uwenden, wou se wierklech gebraucht ginn. Léiwer waarm-gielt Liicht benotzen, amplaz vu kalem wäissem. An d’Luuchten an der Nuecht ausschalten, wann een se net brauch. Nach besser ass et, se esou auszeriichten, datt se just no ënne stralen an net an d’Natur oder den Himmel. 
Sou kënne mir all dozou bäidroen, datt den Himmel erëm däischter gëtt an donieft och Energie gespuert gëtt.
Firwat ass en däischteren Nuetshimmel esou wäertvoll?
Well en net nëmme fir Déieren an d’Fuerschung wichteg ass, mee och fir eis Kultur a fir dat Gefill, ënnert engem richtege Stärenhimmel ze stoen. Vill Leit hunn dat haut bal vergiess, mee en Nuetshimmel voller Stären inspiréiert, berouegt a verbënnt eis mat der Natur. Et ass eng Erfarung, déi mir och künftege Generatiounen erhale sollen.

Méi Informatiounen op liichtberodung.lu.