
Wéi den Äisbier Knut am Mäerz 2007 déi éischte Kéier am Berliner Zoo ze gesi war, hätt kee sech erdenke kënnen, ewéi grouss den Hype ronderëm d’Déier gëtt. Als Symbol fir de Klimawandel ass den Äisbier séier zu engem internationale Mediestar ginn.
Déiere wéi de Knut kënne Fuerscher no e wichtegt Instrument sinn, fir an der Politik an der Gesellschaft en neit Bewosstsinn fir méi Ëmweltschutz a Changementer beim Verhalen z’erwächen. Dacks sinn esou Déieren “mat spezielle Charakteristiken, groussem Kontakt zu Mënschen a bemierkenswäerte Liewensgeschichten oder Schicksaler verbonnen”, betount eng international Fuerschungsekipp ronderëm den Ëmweltbiolog Ivan Jaric an der Zeitung “Frontiers in Ecology and the Environment”.
De Schwäertwal Keiko ass e Symbol fir de Schutz vun de Waler an Delfinen. Bekannt gouf de Keiko mat der Filmrei “Free Willy”. An dräi Filmer beschütze Bouwen d’Déier virun engem Liewen an engem Fräizäitpark, virun de Suitte vun engem Accident mat engem Tanker an do virdrun als Iesse verschafft ze ginn. Kuerz nom Start vum Film an de Kinoen 1993 ass an den USA eng Campagne vu Wëssenschaftler an Déiereschützer ugelaf, bei där d’Fräiheet vu ronn 40 agespaarten Orcaen, der gréisster Delfin-Aart, gefuerdert gëtt.
No zwee Joer a Gefaangenschaft gouf de Keiko un e Liewen am oppene Mier gewinnt. Ma trotzdeem huet sech de Schwäertwal léiwer vu Mënsche weider fiddere gelooss. 2003 ass den Orca am Alter vu 27 un enger Erkältung. Der Stëftung fir d’Befreiung vum Keiko no war hien deemools den éischte Schwäertwal, deen aus Gefaangenschaft a seng Heemechtsgewässer bei Island an Norwegen fräigelooss gouf. Haut liewen nach op d’mannst 53 Orcaen a Parken, heescht et vun der brittescher Naturschutzorganisatioun Whale and Dolphin Conservation.
De pelzegen Äisbier, deen Enn 2006 am Berliner Zoo op d’Welt koum, huet deemools e reegelrechten “Knut-Hype” ausgeléist a gouf zum Zeeche vun enger weltwäiter Campagne. “De Knut ass de Vertrieder vun enger héich menacéierter Déierenaart, déi awer immens populär ass”, huet de Bernhard Blaszkiewit, deemolegen Direkter vum Berliner Zoo erkläert.
2008 war de Knut zum Maskottche vun der Internationaler Aarteschutzkonferenz zu Bonn ginn. Souguer e speziellen Timber gouf vun der Deutschen Post gedréckt, deen ee fir e klengen Oppräis fir Ëmweltprojeten ze kafe krut. Souguer de Leonardo Di Caprio huet um Titelbild vun der US-Zeitung “Vanity Fair” nieft dem Äisbier poséiert, fir fir Naturschutz ze werben. 2011 ass de Knut un enger Gehierentzündung gestuerwen a gouf opgestoppt. Wéi d’Fuerscherekipp constatéiert, wier den Interessi fir de Klimawandel an de Verloscht vu Liewensraum duerch den Äisbier immens geklommen.
2006 gouf no 170 Joer déi éischt Kéier nees e Brongbier duerch d’Bëscher a Bayern trëppele gesinn - dat gréisst Raubdéier an Europa, dat um Land lieft. Wéi de Bruno op der Sich no Fudder den Dierfer awer ze no kënnt, gëtt hien ofgeschoss. D’Schicksal vum “Problembier” suergt international fir vill Opreegung. De Bruno gëllt als tragescht Beispill fir de Konflikt tëscht dem Mënsch a wëllen Déieren. Als Resultat gouf a Bayern e Plang fir den Ëmgang mat Brongbieren erstallt. Der Ëmweltorganisatioun WWF no liewen aktuell eng 17.000 Brongbieren an Europa.
Och de Bruno gouf opgestoppt a koum an e Musée.
Déi männlech Riseschildkröt vun de Galapagosinselen huet laang Zäit als leschte Vertrieder vun der Ënneraart Chelonoidis nigra abingdonii gegollt. Viru senger Entdeckung huet d’Aart als ausgestuerwe gegollt. Och de Lonesome George gouf zum Symbol fir d’Ëmwelt- an Aarteschutzbeweegung. Den George huet op de menacéierte Liewensraum vun Deckelsmouken an de Schutz vun de Galapagosinselen als Naturparadis opmierksam gemaach. Op den Insele liewe bis zu 50.000 deels immens rar Schildkröten. Tëscht 2007 an 2010 stoung den Archipel op der Lëscht vun de menacéierten Naturierwen.
Fir d’Aart vum George z’erhalen, gouf iwwer d’Joren ëmmer rëm probéiert, d’Deckelsmouk mat engem Weibchen zesummen ze bréngen - leider ouni Succès. 2012 ass den George am Alter vu ronn 90 Joer gestuerwen.
Iwwer 140 Joer hunn d’Baartgeier an Däitschland als ausgestuerwe gegollt, éier am Juni 2021 déi jonk Weibercher Bavaria a Wally am bayreschen Nationalpark Berchtesgaden am Kader vun engem Usiidlungsprogramm ausgewëldert goufen. D’Geier mat hire Flilleken, déi bis zu 3 Meter laang kënne ginn, zielen zu de gréisste fluchfäege Vigel op der Welt. Iwwert eng Kamera um Fiels mat de kënschtlechen Näschter goufen d’Biller vun der Auswëlderung weltwäit iwwerdroen.
Éier 2022 zwee weider Vullen ausgewëldert sollte ginn, gouf allerdéngs leider de Kadaver vum Wally entdeckt. De Geier ass warscheinlech duerch de Schlag vun engem Steen gestuerwen. Am Summer 2023 koum bei enger drëtter Auswëlderung an Däitschland eng éischte Kéier e Männchen an d’Fräiheet. Der Schwäizer Organisatioun Pro Baartgeier no liewen aktuelle Schätzungen no 220 Exemplairen an den Alpen.