
Scho laang ass d’Marie-Anne Heinen am Déiereschutz aktiv, haaptsächlech dréint sech an hirem Liewen alles ëm Kazen. Si huet ugefaangen, Kazen ze hëllefen an an d’Fleeg ze huelen, nodeems si fir hir Schwéiermamm eng kleng Kaz gesicht hat.
Moies fänkt den Dag als Éischt mat enger gudder Taass Kaffi un. Duerno heescht et, d‘Schossele vun de Kazen ze spullen a se rëm ze fëllen. Wann net Rendezvouse beim Veterinär ustinn, da ginn och verwëldert Kazen agefaangen. Do ass de beschten Ament vum Dag de spéiden Nomëtteg. Wann d’Marie-Anne Kazen, déi zum Beispill steriliséiert gi sinn, nach bei de Déierendokter muss siche goen, da geschitt dat owes spéit wann de Beruffstraffic eriwwer ass. Owes ginn d’Kazen och erëm gefiddert. Benevoller kommen all Dag hëllefen, fir d’Kaze propper ze maachen. Da geet e gudden Deel vun der Zäit drop, fir d’Gestioun vum Veräin „Privaten Déiereschutz“.
Déi meeschte Kazen, ëm déi d’Marie-Anne Heinen sech këmmert, sinn der, déi fonnt gi sinn an déi awer vu kengem gesicht ginn. Da sinn et der awer och, déi d’Proprietären aus de verschiddenste Grënn net méi hale kënnen oder wëllen. En aneren Deel vun de Kazen sinn der, déi saiséiert gi sinn, zum Beispill aus Messihaiser. Zu de méi ongewinnten Déieren, déi d’Marie-Anne an der Fleeg hat, ziele kleng Bëschkazen. Déi sinn isoléiert ginn a just d’Maie-Anne huet sech ëm si gekëmmert, se mat der Fläsch grouss gezillt. Nodeems se da fir déi zweete Kéier geimpft gi sinn, si se an Statioun fir wëll Déieren op Diddeleng komm.
Bis elo huet d‘Marie-Anne Heinen nach net bereit, datt si sech esou vill fir den Déiereschutz agesat huet. Wa si zréckkuckt, da géing si sech heiansdo méi duerchsetze wëllen, zemools wann Déiere sollte ewechgeholl ginn an an deem Fall manner Récksiicht op d’Familljen huelen. Leider hat si an hirer Karriär och mat Leit ze dinn, déi hir Steng an de Wee geluecht hunn an ouni Grond eng Plainte bei der Veterinärsinspektioun gemaach hunn oder si op de soziale Medie schlecht gemaach hunn.
Wann ee sech decidéiert huet, fir en Déier bei sech opzehuelen, da soll ee sech bewosst sinn, datt et sech net ëm e Petzi handelt, deen een einfach an den Eck setze kann, esou d’Marie-Anne Heinen. Am Confiment hu si d’Erfarung gemaach, datt och Eltere wollten en Déier uschafen, just fir hir Kanner ze beschäftegen. Am Allgemengen ass d’Madame Heinen der Meenung, datt een net soll ewechkucken, wann et engem Déier net gutt geet. Et soll een keng Kleeder kafen, wou Pelz mat dra verschafft ass. Och ass hir wichteg, de Leit mat op de Wee ze ginn, datt en Déiereschützer net muss vegan liewen. Et kann een och Fleesch iessen, fir gesond ze bleiwen, awer net all Dag. An deem Fall soll een oppassen, wou a wéi dat Déier gelieft huet.
Wann Déiereschützerin vun Nidderaanwen dräi Wënsch frei hätt, dann ass dat an éischter Linn, datt déi national an international Gesetzer am Beräich vum Déiereschutz och effektiv ëmgesat ginn an datt dat och kontrolléiert gëtt. Si wär frou, wann déi Jonk Leit net nëmmen demonstréiere géinge goen, mä wa sech der méi och op fräiwëlleger Basis fir den Déiereschutz engagéiere géingen. An si hofft, datt si selwer nach vill Joren den Déiere hëllefe kann.