
Och wann den Numm iech elo net direkt eppes seet. D’Gesiicht kennt der. Si war nämlech d’Mamm vum Kevin bei “Kevin - Allein zu Haus” an der Roll vum Kate McCalister. Nieft dëser Roll huet d’Catherine O’Hara och nach a Serien wéi “Schitt’s Creek” oder am Film “Battlejuice” matgespillt.
Eréischt dat lescht Joer war se an der Apple-Serie “The Studio” an och an der zweeter Staffel vun “The Last of Us” ze gesinn. Fir “The Studio” war se souguer fir en Emmy nominéiert. D’Zeremonie lescht Joer am September war hire leschten Optrëtt an der Ëffentlechkeet.
Als Mamm vum Kevin bleift se deene meeschten an Erënnerung. Den Acteur Macaulay Culkin, dee jo am Film hire Jong gespillt huet, huet sech dann och schonn op Instagram mat emotionale Wieder gemellt.