Aggressiounen, Menacen a BeleidegungenDéi meescht Iwwergrëffer am Ëffentlechen Transport geschéien am spéiden Nomëtteg

RTL Lëtzebuerg
2025 goufe 548 Aggressioune géint Mataarbechter am Ëffentlechen Transport registréiert. Den Transportministère plangt nei Sécherheetsmesuren.
Archivbild vun engem Bus mat enger Schutzkabinn
© Domingos Oliveira

Ëmmer rëm kënnt et am Ëffentlechen Transport zu Aggressioune géigeniwwer Mataarbechter. Fir 2025 goufen am Ganze 548 Iwwergrëffer op Mataarbechter vun den CFL, dem Tice, Luxtram, dem RGTR an dem AVL registréiert. Dat schreift d’Mobilitéitsministesch Yuriko Backes an enger Äntwert op eng parlamentaresch Fro vum Deputéierte Georges Mischo.

Am meeschte kéimt et den Zuele vum Mobilitéitsministère no zu Beleidegungen oder Menacë géint Mataarbechter vun den CFL an dem AVL. Déi meescht Meldunge gouf et bei der Eisebunn mat 284 Virfäll, suivéiert vum Stater Reseau Autobus de la Ville de Luxembourg mat 171 Fäll. Beim RGTR goufe 55 Virfäll gemellt, 20 bei Luxtram an 18 beim Tice.

© Screenshot Mobilitéitsministère

Allgemeng kënnt et am ëffentlechen Transport am heefegsten am spéiden Nomëtteg/fréien Owend zu Aggressiounen, virun allem tëscht 15 an 19 Auer. An den Zich an op de Garë goufen tëscht 22 an 23 Auer déi meescht Virfäll registréiert.

Betreiung vu betraffene Mataarbechter

Hospitaliséiert ginn wier zejoert bei den CFL, Luxtram a beim Tice kee Mataarbechter. Aacht Leit hätten awer eng medezinesch Consultatioun gehat an ee Luxtram-Mataarbechter war wéinst engem “emotionale Schock a Behandlung”, wéi de Ministère schreift. Beim Tice ware sechs Leit krankgemellt, woubäi ee Mataarbechter psychologesche Support an Usproch geholl huet.

Am Fall vun enger Aggressioun preziséiert d’Ministesch, datt Mataarbechter bei der Eisebunn vun hirem Service d’Attache betreit ginn. Dëse begleet d’Leit bei allen néidege Schrëtt - vun der medezinescher oder psychologescher Betreiung bis zu enger Begleedung viru Geriicht. “Am Fall vun engem posttraumatesche Schock, a wann déi betraffe Persoun net direkt op seng Aarbechtsplaz zeréck kann, evaluéiert den Aarbechtsdokter, ob eng berufflech Ëmorientéierung bannent der CFL néideg ass”. Bei Luxtram këmmert sech den “direkte Virgesetzten” ëm déi Betraffen. “Duerno kann, am Accord mat der betraffener Persoun, Hëllef vum Dokter an dem/der AarbechtpsychologIn vun der STM organiséiert ginn.” Och beim Tice kuckt den “direkte Virgesetzten no all Incident, och wann en nach esou banal schéngt, Kontakt mam betraffene Mataarbechter op, fir ze kontrolléieren, ob hien eng speziell Ënnerstëtzung brauch”.

Schutzkabinnen a Sécherheetsbeamten als Preventioun

Wat d’Preventioun vun Aggressioune géint Mataarbechter am Ëffentlechen Transport ugeet, goufen dem Mobilitéitsministère no scho vill Mesuren ëmgesat. Dorënner ënnert anerem den Abau vu Schutzkabinnen. Wärend 2022 knapp “22% vun de Busse mat enger Schutzkabinn equipéiert” waren, wieren et Ufanks Februar 2026 schonn ongeféier 53 % gewiescht. Zil vum Ministère wier et, datt d’Schutzkabinne “mëttelfristeg zu engem Standard an allen RGTR-Busse ginn”. Och bei den CFL wiere schonn a 64 vun 83 Busse komplett zoue Kabinnen installéiert, “déi net vu baussen opgemaach” kënne ginn, “ausser am Fall vun engem Malaise vum/vun der Chauffer*euse.” De Fuerpark vum Tice wier iwwerdeem scho komplett equipéiert.

Doriwwer eraus wier am Luxtram eng “Testphas mat Sécherheetsbeamte” lancéiert ginn. Zanter August zejoer fueren zwee Sécherheetsbeamten de ganzen Dag um Reseau mat. De Ministère géing aktuell préiwen, wéi esou Ekippen och op den RGTR-Linne kéinten agesat ginn, fir “Rou op verschiddene Brennpunkten ze garantéieren”. Donieft géing un engem Projet de loi fir Videosurveillance geschafft ginn, deen “nach viraussiichtlech virun der Summerpaus wäert an der Plénière vun der Chamber um Ordre du jour stoe” soll. An de Mobilitéitsministère schafft u Mesuren, déi néideg fir “d’Austelle vun administrativen Amenden op Basis vun dem neie Gesetz fir Sécherheet am ëffentlechen Transport” sinn.

Formatioun vu Mataarbechter

Wat d’Formatioun vun de Mataarbechter am Ëmgang mat aggressiven oder gewalttätege Situatiounen ugeet, betount de Ministère, datt d’CFL spezifesch Grond- a Weiderbildungen ubitt, bei deenen och scho eng Partie Mataarbechter matgemaach hunn. Donieft géing et zanter zejoert de Programm “Training trëfft Praxis” ginn an et géinge Workshops, Coaching-Sessions a “Retours d’Expérience"-Sessiounen ugebuede ginn.

Bei Luxtram géingen d’Chauffere wärend hirer initialer Ausbildung Informatiounen iwwer “d’Risiken, dorënner Ugrëff, an doriwwer, wéi ee sech a bestëmmte Situatioune soll verhalen” kréien. Beim Tice hunn an de “Joren 2022 an 2023 all nei agestallte Mataarbechter” eng Formatioun gemaach, déi vum Self-Defense Club vun der Police organiséiert gëtt an op “potentiell konfliktbehaft Situatioune virbereet an hinnen d’Methoden an d’Technike vun der Deeskalatioun am Bus vermëttelt huet”.


Liest dozou och:

Back to Top
CIM LOGO