Hondsstaffel vun der PoliceD'Aarbecht hält doheem net op, "well den Hond ass Deel vun eiser Famill"

Diana Hoffmann
Aktuell besteet d'Hondsstaffel vun der Police aus 20 Hondsmeeschter an 22 Muppen. Zwee Hënn hu geschwënn Examen.

An engem Mount steet d’Prüfung vun der Grondausbildung fir den neisten Zouwuess an der Hondsstaffel vun der Police un. Bis déi zwee Muppen awer kënne mat de groussen Hënn mathalen, musse si nach e bëssi dobäi léieren. Dofir stoung en Dënschdeg den Training um Escher Gaalgebierg an um Schëfflenger Hondsterrain um Programm.

Fir d’éischt gouf no enger vermësster Persoun gesicht. Ee Beamten huet sech dofir op e puer 100 Meter verstoppt. Séier hat de Mupp seng Spuer opgeholl. Och vun de Gemengenaarbechter, déi Gaardenaarbechte gemaach hunn, an de Wues geméit hunn, huet d’Déier sech net oflenke gelooss. Un der laanger Léngt huet et senger Hondsmeeschtesch de Wee gewise bis zum Beamten an der Heck. Déi jonk Polizistin war zefridde mam Resultat vun hirem Mupp. Et wier schéin, d’Fortschrëtter vum Hond ze gesinn, a wéi een als Team vu Mënsch an Hond ëmmer méi géing zesummewuessen.

Police-Hondsstaffel: Aarbecht hält doheem net op, well den Hond ass Famill
Aktuell besteet d’Hondsstaffel vun der Police aus 20 Hondsmeeschter an 22 Muppen. Zwee Hënn hu geschwënn Examen.

E gudde Spilltrieb, Stressresistenz an eng gutt Nues

Déi jonk Muppe fänken an engem Alter tëscht engem an zwee an engem hallwe Joer mat hirem Training un. Matbrénge musse se e gudde Spilltrieb, Stressresistenz an eng gutt Nues. “Hei léiere se alles, wat se herno brauche fir den Déngscht. Dat heescht vum Follegen iwwert d’Fäerte maachen. Dat ass d’Preparatioun fir hiren zukünftegen Déngscht”, erkläert de Formateur vun der Police-Hondsstaffel Germain Wolf um Hondsterrain zu Schëffleng.

D’Basisausbildung dauert am Schnëtt 16 Wochen. An där Zäit sollen Hond a Meeschter weider zesummewuessen, fir sech blann openee verloossen ze kënnen. D’Basis fir d’Aarbecht als Hondsmeeschter wier d’Bindung tëscht dem Hond an dem Hondsmeeschter, betount de Germain Wolf. “Mir schaffen all Dag mindestens aacht Stonne mat eisem Hond. D’Aarbecht hält net op, wa mer Heem fueren, well den Hond ass en Deel vun eiser Famill”, seet de Formateur vun der Hondsstaffel.

No dëser Formatioun stinn dann ënnerschiddlech Spezialisatiounen um Programm. D’Aufgabe vun der Hondsstaffel si komplex. “E ganz groussen Deel vun eiser Aufgab si Patrullen. Dann hu mer Hënn, déi sinn ausgebilt, fir Drogen oder Sprengstoff ze sichen. Anerer, fir Täter a vermësste Leit erëmzefannen”, ënnersträicht de Christian Van Wissen, Commissaire en Chef vun der Hondsstaffel. Doriwwer eraus maachen d’Beamten awer och Asätz ouni hir Muppen. Zum Beispill wann et dorëm geet, geféierlech Muppen oder aner Déieren anzefänken.

Eréischt leschte Samschdeg konnte mat Hëllef vun de Muppen Abriecher fonnt ginn. Rezent goufen an Zesummenaarbecht mat der Police judiciaire och eng gréisser Zomm Suen a gréisser Quantitéiten Droge fonnt. D’Hondsstaffel wier deemno aus der Police net ewech ze denken. Et géing näischt iwwert déi performant Nues vun den Hënn goen, seet de Christian Van Wissen. Säin Hond wier zum Beispill e Brandmëttelspürhond. De Polizist weist op den Terrain vum Schëfflenger Hondsterrain a seet: “Mäin Hond sicht op deem heiten Terrain eng Drëps Bensinn oder Diesel a 5 Minutten.”

Bis déi zwee Muppen an der Ausbildung och op deem Punkt sinn, kéint nach e bëssi daueren. Ma wa fir si alles leeft ewéi geplangt, wäerten Hond an Hondsmeeschter fir déi nächst 10 Joer een Team sinn. An dat esouwuel op der Aarbecht wéi och an hirer Fräizäit.

Back to Top
CIM LOGO