De Jerome Becker huet eng Petitioun agereecht, déi d’Unerkennung vum eSport zu Lëtzebuerg fuerdert an och op déi politesch Agenda komme soll.

Aus der Loft gegraff ass dat Ganzt net, well eis Noperen Däitschland a Frankräich zum Beispill hei scho vill méi wäit sinn, dat och oder virun allem op politeschem Niveau.

Verschidde politesch Parteien hu sech jo scho méi oder manner mam Sujet auserneegesat, allerdéngs ass et eng Minoritéit.  Ma de Petitionär Jerome Becker huet sech scho mat Politiker getraff, fir hinnen de Sujet méi genee ze erklären a méi no ze bréngen.

Seng Petitioun iwwert d'Unerkennung vum eSport wäert e Mëttwoch um Internetsite vun der Chamber sinn a kann also ënnerschriwwe ginn.

AUDIO: De Petitionär Jerome Becker - A Kontakt mat der Politik

Prinzipiell misst een dem Jerome Becker no emol kucken, dass d’Organisatiounen ëm den eSport déi et zu Lëtzebuerg ginn, Revenue kréien, ähnlech wéi eng Futtballfederatioun.

RTL

Och iwwert e Ressort am Sportministere gëtt schonn nogeduecht.

AUDIO: De Petitionär Jerome Becker - En eegene Ministère?

Ganz kloer ass een zu Lëtzebuerg an de Réckstand geroden, wat den eSport an de Gaming allgemeng betrëfft.

AUDIO: De Petitionär Jerome Becker - Lëtzebuerg ass am Réckstand

De Jerome Becker géif sech och wënschen, dass Lëtzebuerg, genee wéi am Spaceminning eng Virreider-Roll am eSport a Gaming   spille kéint.

D’Taina Bofferding vun der LSAP ass  fir eng Unerkennung vum eSports. An deem Kontext huet d’Politikerin dann och 2 parlamentaresch Froe gestallt, woubäi sech eng explizit mam eSport an eng mam PEGI-System beschäftegt. Virun allem geet et elo mol drëms Informatiounen iwwert d’Zeen hei am Land ze kréien an och ze kucke wéi dat Ganzt ëmzesetze wier. Wichteg ass och ze gesinn, wéi d’Akzeptanz hei zu Lëtzebuerg wier.

AUDIO: D'Taina Bofferding (LSAP) - Akzeptanz zu Lëtzebuerg
RTL

D’Zeen hätt sech och selwer mobiliséiert mat der Zäit zu Lëtzebuerg mat dësem Thema beschäftegt. De Steen un d’Rulle bruecht hätt dem Taina Bofferding no d’Petitioun vum Jerome Becker vun eSports Luxembourg. Dono hätten et dann eng ganz Partie Gespréicher mat Acteuren aus der Zeen vum eSport ginn.

AUDIO: D'Taina Bofferding (LSAP) - Gespréicher mat der Zeen

Et wier wichteg elo mol eng Debatt iwwert dëse Sujet an der Politik ze kréien an eng Unerkennung unzestriewen. Wéi et konkret soll ausgesinn ass nach net kloer, ma eis Noperen a Frankräich an Däitschland sinn eis hei e Schratt scho viraus.

AUDIO: D'Taina Bofferding (LSAP) - Verglach mam Ausland

Op alle Fall ass d‘Zäit zeideg, fir dat Ganzt op déi politesch Agenda ze setze, mengt d’LSAP-Politikerin a kann sech och schonn eng Partie konkret Ëmsetzunge virstellen.

AUDIO: D'Taina Bofferding (LSAP) - Konkret Ëmsetzungen

De Sportminister Romain Schneider huet den eSport dann och schonn zënter enger Zäitchen um Radar, och wann ee fir den Ament nach e wéineg virsiichteg bei dee Sujet ass. Ma virun allem d’Beweegung ass dem Minister besonnesch wichteg.

AUDIO: De Sportminister Romain Schneider - eSport a Beweegung

An och den Austausch mam Ausland ass wichteg, d’Rad nei ze erfanne bräicht ee beim eSport jo net.

AUDIO: De Sportminister Romain Schneider - Austausch mam Ausland