Battlefield 5 Trailer
E kléngen Abléck an déi verschidde Storyen gëtt et hei!
DICE huet elo an engem neien Trailer de Fokus op déi verschidde Campagnen an hir Storye geluecht.
Battlefield 5 kënnt den 20. November, also an engem gudde Mount eraus.
An engem neien Trailer kritt een e klengen Avant-goût op déi verschidde Krichsgeschichten, déi een am 2. Weltkrich-Shooter erwaarden.
D'Besëtzer vun der Deluxe-Edition kënne schonn de 16. November an de Genoss vum Spill kommen, EA Access-Membere kënne scho vum 9. November un eng 10 Stonne-laang Preview spillen.
Hei e méi laangen Trailer:
Am meeschte gelies