Undertaker, Triple H oder awer Dean Ambrose an AJ Styles? Mat WWE 2K19 ka jidderee selwer d'Rudder am Wrestling-Ring iwwerhuelen.

Wien an den 80er a virun allem de 90er grouss ginn ass, deem misst Wrestling eppes soen. Hei geet et jo virun allem ëm d’Show an ëm den Drama. Ganz kloer steet bei dëser Sportaart d’Ënnerhalung am Virdergrond a gëtt haut nach ëmmer vu Millioune vu Mënschen gekuckt a kritt och zu Lëtzebuerg an an der Groussregioun ëmmer méi Fans an eegen Event. Wëll een dat Ganzt gäre mat all senger Aktioun doheem erliewen, kënnt een als richtege Fan net laanscht deen neien WWE 2K19 fir d’Konsolen an de PC, fënnt den David Winter aus eiser RTL-Gaming Redaktioun.

AUDIO: Ausbléck WWE 2K19 / Reportage David Winter

Wien et als Wrestler an déi US-amerikanesch Wrestling-Liga WWE gepackt huet, dee gehéiert definitiv zu deene Beschte weltwäit. An dëser Liga ginn et nämlech déi spektakuläerste Kämpf, déi technesch beschte Wrestler an natierlech och Wrestlerinnen, sou wéi déi spannendst a spektakulärste Showen. Dass dat Ganzt och als Videospill funktionéiert, läit praktesch op der Hand. Nei bei WWE 2k19 ass definitiv de komplett iwwerschafften Story-Mode, esou den Lynell Jinks, den Creativ Direkter vum Spill.

Mir wollten eppes Neies maachen, sou dass sech d’Story wéi e Film ufillt. Dohier fänks de och mat den Indie-Series un. De Charakter vun der Story lieft an engem Van a probéiert als Wrestler Fouss an der WWE ze faassen. Ëmmer nees kritt hie Steng an de Wee geluecht, allerdéngs léisst de Personnage sech net doduerch vu sengem Dram ofbréngen. Et gi vill onerwaarte Momenter a Situatiounen déi op een duer kommen. Fir d’Spill hunn dann och d’Stare selwer de Personnagen hir Stëmm ginn.

Vill Beweegungsanimatiounen am Spill goufe komplett iwwerschafft. Sou kënnt d’Spill méi flësseg eriwwer. De Spiller kann dann de Wrestler verschidde Bonusse ginn, doduerch ginn d’Matcher méi ofwiesslungsräich. An d’KI, also d’Intelligenz vun de Géigner, gouf komplett iwwerschafft.

 D’Charakteren am Spill verhale sech elo méi wéi hir reell Virbiller. Verschidde Charaktere wäerten am Spill de Geck mat de Wrestler maachen, respektiv méi aggressiv géigeniwwer hinnen optrieden. Mam sougenannte Payback-System kënnen dann och mol méi illegal Schléi placéiert ginn. D’KI huet den Entwéckler d’Fräiheet ginn, d’Charakteren sou ze entwéckelen, wéi se an der Realitéit sinn.

Gewonnen hunn de Sven G. vu Monnerech an de Laurent F. vun Téiteng. Mir gratuléieren a wënsche vill Spaass mam WWE 2k19.

E klore Gewënner bei eiser Ëmfro gouf et awer net, well 40 Prozent vun de Leit hu fir de "Macho Man" Randy Savage a fir de Ric Flair gestëmmt.