Gewannt 1 x Red Dead Redemption fir d'PS4

Mat Sécherheet dat beschte Spill ëm de Wilde Westen dat et bis ewell gëtt. Ma d'Spill gëtt als beschte Spill bezeechent dat jeemools erauskoum! Mat Recht?
Leschte Freideg koum de neie Red Dead Redemption vu Rockstar Games eraus an huet d'Erwaardungen, déi d'Spill scho virum Release hat, bei Wäitem iwwertraff.
D'RTL-Gaming Redaktioun ass op alle Fall begeeschtert a schwätzt souguer vum eventuell beschte Spill, dat bis ewell fir eng Konsol erauskomm ass.
Eng detailléiert an ëmfaassend Review gëtt et ufanks nächster Woch, och e Let's Play mam David an dem Fette Petz um Netz ass fir de Weekend geplangt.
GEWANNT 1x Red Dead Redemption 2 fir d'PS4 andeems der bei eisem Gewënnspill matmaacht.
D'Gewënnspill leeft bis den 9. November.
Hei e klenge Virgeschmaach op déi grouss Review
E weidert Spill gëtt och op RTLYou.lu verspillt. Dofir einfach dat maachen, wat am Video gefuerdert gëtt.