Iwwer 40 Lidder sinn op der neister Editioun vum Danzspill ze fannen

Mat iwwer 65 Millioune verkaafte Spiller ass d'Just Dance-Serie déi weltwäit beléiftste Videospill-Serie déi sech mat Musek befaasst.
D’Kritiker vu Videospiller beschwéieren sech jo dacks driwwer, dass sech d’Gamer net genuch beweegen a just faul op um Canapé hänken. Ma Spiller wéi „Just Dance“, déi schonn zënter Joren am Trend leien, beweise genee de Géigendeel.
Mat iwwer 65 Millioune verkaafte Spiller ass dës Serie nämlech dat bei wäitem erfollegräichste Musik-Videospill vun allen Zäiten. Mat Frënn virum Fernseh danzen oder sech online géint aner Géigner moossen, alles dat ass och mat der neister Versioun méiglech.
Op der E3 dëst Joer war „Just Dance 2019“ dat Spill, dat bei der Ubisoft-Presentatioun direkt als éischte presentéiert gouf, Enn Oktober ass dunn fir d’Konsolen erauskomm. De neie „Just Dance 2019“ ass vollgepaakt mat iwwer 40 Lidder, dat natierlech zesumme mat eege konzipéiert Choreographien. Dobäi kommen nach 8 speziell Dänz, déi fir méi jonk Spiller geduecht sinn. Ma wéi ginn déi passend Lidder iwwerhaapt erausgesicht?
Wéi d’Stefanie Lüftner vun Ubisoft erkläert, ginn d'Lidder als alleréischt no Rhythmus a nom Beat erausgesicht, also ob sech gutt drop danze léisst. Dobäi kënnt, dass ee probéiert eng gutt Mëschung aus Lidder aus den Charts awer och Klassiker zesummenzestellen.
E vun de beléiftste Lidder dierft iwwregens „Havana“ vum Camila Cabello sinn. Ma och Kënschtler wéi d’Fergie, the Weeknd, Ariana Grande oder Dua Lipa sinn um neie „Just Dance 2019“ ze fannen. Wiem d’Lidder um Spill net duerginn, dee kann d’Kollektioun u Lidder natierlech erweideren. Hei hunn d'Gamer d'Chance "Just Dance Unlimited" abonnéieren, sou dass een Zougrëff op iwwer 400 Lidder huet.
Bis zu 6 Spiller kënne matenee virun der Konsol danzen, verschidden Niveaue maachen d’Eraklammen an d’Danzspill méi einfach a suergen dofir, dass een un der Staang bleift. Et kann een also spilleresch Danze leieren, eppes dat vill Leit iwwerzeegt. Just Dance 2019 ass ënnert anerem fir d’Nintendo Switch, Playstation 4 an Xbox One eraus.