Ass d'Spill wierklech sou schlecht, wéi deels geschwat gëtt?
De 14. November ass Fallout 76 vu Bethesda erauskomm, e Spill-Serie, dat jo eng extrem grouss Fan-Base huet. Ma hält d'Spill wat de Publisher versprécht?
No der Beta-Versioun ass dann elo endlech Fallout 76 als Vollversioun eraus. Majo d'Uerteel vun der RTL-Gaming Redaktioun iwwert d'Spill Fallout 76 bezitt sech natierlech praktesch just op d'Beta-Versioun, ebe grad well d'Spill eréischt knapps eraus ass.
Ma am Virfeld konnt een awer scho kloer gesinn, wéi d'Spill zum gréissten Deel ausgesäit, vill Ënnerscheed tëscht der Vollversioun an der Beta kann een op den éischte Bléck net erkennen, obwuel et natierlech reng vum Inhalt eng Partie Ännerunge gouf.
Als éischt emol sief kloer ënnerstrach, dass ech selwer kee sou e grousse RPG-Fan sinn an dohier och ni wierklech eppes konnt mat der Fallout-Serie vu Bethesda ufänken, obwuel mech d'Welt an d'Atmosphär ëmmer extrem begeeschtert huet.
Iwwer 3 Joer hunn d'Fans vun der Serie misste waarden, bis no Fallout 4 dann elo Fallout 76 presentéiert gouf. An direkt fir ewech: d'Stëmmung bei de Fans ass quasi erdréckend, kuckt een sech d'Metakritik-Bewäertungen Online un, da kann engem Bethesda wierklech Leed doen.
Majo ass déi massiv Kritik gerechtfäerdegt a gëtt et eventuell awer nach e Liichtbléck fir d'Spill, elo wou d'Kand jo scho praktesch am Pëtz läit?
D'Story vum Spill
Fallout 76 markéiert vun der Story hier den Ufank, de sougenannte Reclamation-Day. De sougenannte Vault 76 ass de Startpunkt vun der Aventure. Also déi éischte Leit déi no engem nuklearen Desaster aus dem Bunker an d'Fräiheet gelooss ginn a mat der radioaktiver Welt a Kontakt kommen.
Kléngt effektiv no enger flotter Prämiss an ass och deelweis authentesch esou ëmgesat ginn. Ënnert anerem sinn an der Welt vu Fallout 76 keng NPC'en, also Non-Player-Charakteren. D'Spill besteet ausschliisslech aus anere Spiller, déi Online dobäi sinn. Niewent enger Partie extrem monoton Roboteren, sinn déi aner Spiller déi eenzeg Méiglechkeet mat aneren "Persounen" a Kontakt ze kommen.

D'Story selwer gëtt ausschliisslech vu Roboteren a Computere weidergedriwwen, och wann et hei éischter Missioune sinn déi ee beoptraagt kritt, wéi eng richteg Story, déi ee matrappt an sech drop aléisst.
Een dee wierklech vill Story vum Spill erwaart, dee muss definitiv enttäuscht ginn. Et handelt sech eben ëm eng post-apokalyptesch Welt, kuerz no engem Supergau. Heirobber gëtt definitiv agaangen. De Personnage deen ee spillt huet allerdéngs praktesch keng Background-Story an et gëtt och net wierklech op de Personnage agaangen. Kann et och guer net, well keng Personnagë bei Fallout 76 dobäi sinn, déi wierklech mat engem interagéieren.
Doduerch kënnt een sech dann och no enger Zäit extrem eleng an isoléiert fir, eppes dat deels kritiséiert gëtt, op der anerer Säit awer vun anere Leit nees wäertgeschat gëtt, well et zimlech no un d'Realitéit an de Feeling no enger nuklearer Katastroph erukënnt.
Online-Prinzip vum Spill
Den Online-Modus an dësem Spill ass ganz kloer d'Neierung, déi jo och op der E3 am Summer 2018 grouss vum "Todd the God" presentéiert gouf. Soss bleift et deelweis beim all bekannte Spillprinzip. Ma grad dësen Online-Mode ass awer dat, wat de Gros vun de Leit spléckt. Et gëtt kritiséiert, dass deelweis d'Konzept net konsequent genuch ëmgesat wier. Als alleréischt gëtt et den Ënnerscheed tëscht Solo a Multiplayer mat Kollegen. Hei ass et ganz kloer: D'Spill mécht definitiv praktesch just Sënn, wann een et als Ekipp spillt, Basen zesumme baut an och am Grupp d'Missiounen an d'Side-Quests mécht. Net nëmme spillt et sech méi einfach, mä et mécht dann och deels wierklech Spaass. Och wann et méiglech ass weiderhi Fallout eleng ze spillen, ass et awer kloer en Defizit an et kritt een nëmmen en Deel vum Spill mat.

Op der anerer Säit spillt een awer och géint aner Spiller, also Player vs Player (PVP). An hei ass d'Ëmsetzung leider net gutt gelongen a mengen Aan, well et wéineg bis guer keen Usporn gëtt aner Spiller unzegräifen. Hei versteet een och wat mat inkonsequent gemengt ass. Attackéiert een aner Spiller, da kréien déi nëmme ganz wéineg Schued, dat bis se selwer zeréckschéissen. Dat soll verhënneren, dass Spiller attackéiert ginn, déi guer net wëllen attackéiert ginn. A Wierklechkeet komme weder déi Spiller op hir Käschten, déi just Quests maache wëllen a grinde wëllen, op der anerer Säit gëtt et fir PVP-Amateure langweileg, well praktesch keng Action opkënnt an absolut net mat Battle Royale-Moden oder Ähnlechem ze vergläichen ass. Hei hätt ee missten en eegene Server, respektiv en Areal op der Map schafen, wou PVP erlaabt, respektiv net erlaabt ass. D'Mëschung aus deenen zwee war mat Sécherheet gutt gemengt a sollt innovativ sinn, d'Ëmsetzung ass allerdéngs manner gutt, wéi et geklongen huet.
De V.A.T.S. Modus funktionéiert dann och elo net méi a Slow-Motion, mä a Real-Time, dat well et anescht mat anere Spiller Online net machbar ass. Doduerch erhält d'Spill weiderhin säin RPG-Touch. Fir de Recht sinn déi all gewinnten Elementer wéi "looten", "craften" a "scrapen" nach ëmmer am Spill dobäi. Och d'Funktiounen um Pip-Boy hunn sech net vill geännert, de Perk-Mode ass natierlech dobäi, dat mat Kaarten, mat deenen een sech oplevele kann.
Gameplay a Grafik
De Gameplay vum Spill ass net vill anescht wéi säi Virgänger. D'Mëschung aus RPG a Shooter ass nach ëmmer den Zentrum vum Spill, d'Oplevele vum Charakter ass d'Zil, fir esou besser Waffen, Blueprints a weider Verbesserungen ze kréien. Niewent dem albewäerte Shooter ass awer och d'Base-Building e wichteg Element elo am Spill. Ma an dach gëtt d'Spill aus menger Siicht no enger Zäit langweileg, virun allem, wann ee wéi gesot d'Aventure eleng mécht. Och hei gëtt et nämlech net vill Neies, d'Ewechloosse vun den NPC'en mécht dat net besser.

Bei der Grafik muss een sech wierklech d'Fro stellen, wéi laang d'Engine vu Fallout 4 nach muss duerhalen a wéini een sech dozou decidéiert, endlech eng nei ze benotzen. Och wa verschidden Effekter natierlech besser ausgesinn, ënnert anerem d'Liichteffekter, ass d'Grafik awer am Groussen a Ganzen iwwerholl a net méi zäitgeméiss. Kuckt een sech Spiller wéi Red Dead Redemption 2 oder Battlefield V un, géif een deels mengen, Fallout 76 wier grafesch gesinn aus dem leschte Joerzéngt. A mengen Aen absolut net akzeptabel an och verständlech, dass d'Fans de Kéis domadder hunn. Op hei wierklech well bei Bethesda gespuert wëll ginn oder op et aner Grënn huet, kann een net soen.
Fazit
Fallout 76 ass definitiv net esou, wéi een sech et nom Announcement op der E3 dëst Joer gewënscht an och iergendwéi vu Bethasda erwaart hätt. Den Online-Mode funktionéiert net esou, wéi een sech dat geduecht hätt, vill anere Spiller wéi "Rust" oder "Fortnite" ass hei eng vill besser Ëmsetzung gelongen. Och punkto Grafik sinn dës Spiller deelweis vill besser opgestallt, kaschten dogéint just d'Halschent vum Präis vu Fallout 76. Et geet einfach net méi just duer eng Franchise déi bei de Leit beléift ass als Zuchpäerd ze benotzen an den Inhalt muss drënner leiden, respektiv et gëtt net wierklech vill Aarbecht an Innovatioun dragestach. Vill Fans verdäiwele Bethesda mëttlerweil.

Sou wäit muss een allerdéngs net goen, et gesäit éischter sou aus, wéi wann de Publisher dës Kéier einfach e puer Saachen absolut falsch gemaach huet, ouni d'Fan-Base awer elo gewollt ze enttäuschen. Dat soll een engem Publisher ni einfach esou plakativ virgeheien a mengen Aen. Mä de Studio muss sech allerdéngs d'Kritik gefale loossen an et wier net vu Nodeel, wann dës Kritik géif opgeholl an eescht geholl ginn. Liichtblécker vum Spill sinn déi flott apokalyptesch Welt, de Perk-Mode mam Kaartesystem, dee super ausgesäit an à la base d'Méiglechkeet Fallout online ze spillen. Géif un deene Punkte weider geschafft a verbessert ginn, kéint d'Spill absolut seng Leit fannen. Bis ewell ass d'Spill awer leider éischter en Experiment, dat seng Zäit nach brauch, fir bei de Leit unzekommen.