Diogo a Ciscinho markéieren an der Weekend-League en 30-0 Resultat

Domader sinn déi 2 Spiller déi éischte Lëtzebuerger, deenen dat Konschtstéckchen gelongen ass.
An dëser Weekend League hunn souwuel den Diogo "DiogoSantos26" Santos vum Progrès Nidderkuer an den Francisco "Ciscinho" Muñoz vum FC Déifferdeng 03 et tatsächlech gepackt, fir eng 30-0 ze spillen.

© 11F Gaming
Domadder sinn si déi éischte Lëtzebuerger, déi dat Konschtstéck gelongen ass, fir vun 30 Matcher keen eenzegen ze verléieren.
Plaz 17 op der Welt fir den Diogo a Plaz 36 fir de Ciscinho an domadder vill In-Game-Belounungen en Donneschden. Eventuell gëtt et e klenge Stream op hirer Twitch Säit.
Nächst Etapp : Qualifier fir den FIFA eWorld Cup! D'RTL-Gaming Redaktioun gratuléiert deenen 2 op alle Fall elo schonn!