Natierlech geet näischt iwwert déi al, story-based Battlefield-Shooteren, ma zënter 2011, dierft dëst awer dee beschte Battlefield sinn.

D'Konkurrenz vum Shooter ass natierlech mat der Call of Duty-Franchise a natierlech aneren Titelen wéi Overwatch, grouss. Mam neie Black Ops 4, deen am Hierscht erauskoum, ass zwar de Story-Mode ewechgefall, ma d'Fans vun der Serie goufen awer mam Online-Mode zefriddegestallt.

Battlefield 5 ass relativ streng beim Konzept vu Battlefield 1 bliwwen, ergo mat Story-Mode an natierlech dem dynamesche Online-Mode. Den Online-Mode ass deelweis souguer nach méi ausgeräift an actiongeluede wéi den exzellente Virgänger, dës Kéier eben am 2. Weltkrich-Look.

Kritik gëtt et jo deelweis am Singleplayer-Mode, eppes dat ech perséinlech allerdéngs net ënnerschreiwen. Mëttlerweil hunn ech déi éischt zwou Storye gespillt a muss soen, dass mech scho lang keng Story an engem Shooter méi gepak an och iwwerzeegt huet, wéi dëse Modus. Schonn eleng de Fait, dass eng Story do ass,  ass relativ erfrëschend muss ech soen, bei Titelen wéi Fallout oder eben COD fällt dat jo ewech.

Et si virun allem déi perséinlech Vuë vun de Protaginisten, déi extrem gutt a glaawierdeg ëmgesat sinn. Virun allem wot EA hei den 2. Weltkrich e wéineg aus engem anere Point-de-Vue ze weisen, wat engem als Spiller de Story-Mode schmackhaft mécht. Virun allem kritt ee mam Solo-Player Mode e vill méi realistesche Bléck op de Krich am generellen, iwwert seng dann dach fuerchtbar Konsequenzen, dat an deem d'Leed vun de Protagonisten an de Virdergrond gesat gëtt. Krich ass net cool, Krich ass traureg a virun allem ouni Erbaarmen a Respekt virum Mënsch.

RTL

An och am Online-Mode gëtt engem am neiste Krichsshooter vun EA dëse Fakt méi wéi kloer. E Beispill: Gëtt ee getraff, fält een zu Buedem an et kann een nach hoffen, vun engem Medic zum Beispill revived ze ginn. Ma dës Zeen ass elo vill méi realistesch gemaach, de Charakter mat deem ee spillt jäizt richteg no hëllef, et mierkt een, dass dee Mënsch alles anescht wéi gär an dësem Krich ass. Wärend deem een do läit ze waarden, kritt een de Kaméidi, d'Schëss, d'Gejäiz vun den aneren Zaldoten de Knascht an déi stéckeg Loft richteg mat. Déi "Hell-Yeah"-Mentalitéit vis-à-vis vu Krich ass bei Battlefield 5 definitiv net ze spieren, eppes dat mir perséinlech besser gefällt an och dem 2. Weltkrich gerecht gëtt. Wéi gesot, Krich ass alles anescht wéi "cool", d'Thematik soll och a Videospiller esou behandelt ginn.

Vum Gameplay selwer huet sech am Online-Mode net wierklech vill par Rapport zu sengem Virgänger Battlefield I geännert. Schlecht ass dat op kee Fall, well ech der Meenung sinn, dass d'Formule vum "Spawnen" op déi Punkten déi vu senge Matspiller ageholl goufen einfach klappt a Spaass mécht.

An da muss ee bedenken, dass d'Spill selwer nach wäert ausgebaut ginn, eppes dat ee schonn am Menü erkennt. Beim Story-Mode a beim Online-Mode ass ze erkennen, dass verschidde Moden Ufank Dezember wäerte fräigeschalt ginn. Work in Progress also. Tides of War wäert am Dezember dofir suergen, dass nei Maps, Moden a Story-Inhalter wäerten dobäikommen, am Mäerz 2019 ass dann de Battle-Royale-Mode "Firestorm" annoncéiert.

Vir Fans vu Battlefield ass d'Spill op alle Fall derwäert ze kafen, virun allem wann een, wéi ech, ëmmer nees vun der Action an der Dynamik vun deem Spill faszinéiert ass. Wann een elo och nach bedenkt, dass vill Contenu mat der Zäit wäert bäikommen, dierf ee wierklech gespaant sinn.