E Screenshot iwwert den Online-Mode ass eraus

Reddit huet e Screenshot vum neien Online-Mode vu RDR2 geleaked. Enn des Mounts soll jo an sech d'Testphas vum Online-Mode lancéiert ginn.
Och wann et nach e wéineg wäert dauere bis et méiglech wäert sinn online ze zocken, hunn d'Fans awer elo schonn en Abléck doriwwer, wéi den Ufank vum neie Mode kéint ausgesinn. De Screenshot, deen ënnert dem Titel "Intro" am Internet kurséiert, gëtt Indicen doriwwer, dass den Ufank vum Online-Mode Ähnlechkeete mam Ufank vu "Skyrim" huet.
Um Bild gesäit een nämlech wéi eng Prisongs-Kutsch ënnerwee ass. Et kéint een eventuell unhuelen, dass ee wéi bei Skyrim e Gefaangenen ass, deen awer virum Gesetz ka fortlafen. Vun do aus un muss een da vu Null ufänken an eng nei Karriär als Outlaw starten. Vun hei aus un kann een sech da lues a lues eropschaffen, ähnlech wéi d'Karriär am GTA Online.
Weider Detailer feele bis ewell nach.