Team "waduHEK" wënnt d'Luxmasters 2018
Iwwer Woche goufen Online d'Virentscheedungen am CS:GO gespillt. De Weekend konnt een déi beschte Spiller aus dem Land an der Schungfabrik spille gesinn.
D'Finall an der Schungfabrik war spannend bis op déi leschte Ronn tëscht Team waduHEK an Team Mind Games eSports.
Um Pabeier war waduHEK zwar de Favorit, ma an dach war d'Victoire zum Schluss net geschenkt. Ee vun de beschte Matcher, deen et bis ewell op de Luxmasters gouf, kruten d'Leit schlussendlech gebueden.
Zum Schluss ass et waduHEK trotzdeem gelongen, déi decisiv Partie ze wannen an domadder d'Luxmasters 2018 als Gewënner ze verloossen.
Resultat vun de Luxmasters 2018
1. Plaz waduHEK
2. Plaz Mind Games eSports
3. Plaz Vicious 5
3. Plaz Rootless

D'Kompetitioun ass Online ofgelaf, elo e Samschdeg sinn dann d'Semi-Finallen an d'Finallen an der Schungfabrik zu Käl gespillt ginn, déi offline iwwer privat Servere gelaf sinn. Ma traditionell iwwert e Netzwierk a LAN-Kabele leeft dat Ganzt awer net méi, hei ass da schonn e bësse méi Opwand erfuerdert, esou de Raphael Kauffmann, zoustänneg fir d'Kommunikatioun bei E-Sports Luxembourg, déi dësen Event jo op d'Been stellen.
D'Gruppephas war déi éischte Phase, dono sinn dunn d'Brackets gespillt ginn an an enger drëtter Phas ass eben elo déi grouss Offline-Finall dëse Weekend gespillt ginn, also den 1. Dezember. 4 Ekippe sinn e Samschdeg dobäi gewiescht, dat iwwert 3 Matcher, also 2 Halleffinallen an eng Finall. Ufanks hate ronn 80 Spiller matgemaach. E Samschdeg gouf dann och scho Moies ugefaangen, dat fir dass ee mat der Zäit net an d'Laberente kënnt.
CS:Go ass dann e Spill, dat relativ vill zu Lëtzebuerg gespillt gëtt, och wann et natierlech net sou vill aktiv Spiller ziele kann, wéi zum Beispill Fortnite, Rocket League, FIFA oder Call of Duty. Ënnert den Ekippen déi wollte matspillen, goufen et dann och eng Partie Problemer wat d'Reegele betreffen. Déi goufen am Laf vum Joer nämlech e wéineg geännert.
CS:GO ass iwwregens e Spill, bei deem de Gruef tëscht gudde Spiller an Amateuren extrem grouss ass. Einfach sou ufänken a lassleeën a virun allem mathalen, kann ee bei dësem Shooter op kee Fall.
Valve géif och net vill maachen, fir esou eventuell méi Spiller eranzekréien, esou nach de Raphael Kauffmann. Weider Detailer ginn et um offizielle Site vun de Luxmasters 2018.