Ganz laang gouf driwwer spekuléiert, elo steet et offiziell fest: eSport kritt en eegene Sender a ronn 1.200 Stonne Live-Emissioun a Couvrage.

Grouss eSports-Evenementer wäerten op däitsch kommentéiert an aus dem eegenen eSports-Studio gesent ginn, esou Sport1 eegenen Aussoen no. Fir de Programm ass eng eegen eSports-Redaktioun responsabel, déi zesummen mat Experten an Influencer den Inhalt opbereet a presentéiert. Zilgrupp ass natierlech den däitschsproochege Raum wéi Däitschland, d'Schwäiz, Éisträich awer och Lëtzebuerg.

Zu de Spiller, déi an de Sport1-Programm wäerten erageholl ginn, si "League of Legends", "Dota 2", "Counter-Strike", "Overwatch" a "FIFA19".  ESports, esou Sport1, wier vun Ufank un a konsequent vun hinnen als Sportaart aklasséiert an och esou behandelt ginn. Déi Jonk hätten dat och erkannt a gesinn de Sender elo als déi Informatiounsquell fir eSports un. Dobäi kënnt, esou Sport1, dass esou d'Akzeptanz fir den eSport nach méi grouss dierft ginn.

Den éischten Event dee wäerten iwwerdroen ginn, ass den "Dota 2"-Event "The Chongqing Major" vum 19.-27. Januar, live aus China. Da mat 16 Ekippen an 1 Millioun Dollar Präisgeld. De neie eSports-Sender wäert de Kanal sport1-US ersetzen.