Am Ganze sollen et 6 Disziplinne ginn: 2 um PC, 2 op Konsolen an 2 am Beräich vum Mobile-Gaming.

Wärend enger Pressekonferenz vum philippinneschen olympesche Comité a Razer gouf decidéiert, dass den eSport bei de nächsten asiateschen Olympesche Spiller (SEA) wäert als Disziplin bäigeholl ginn. Déi asiatesch olympesch Spiller, déi all 2 Joer organiséiert ginn, sinn den equivalent vun den olympesche Spiller, ebe just am asiatesche Raum.

Bei der nächster Editioun vun den SEA am Joer 2019, gëtt den eSport also eng offiziell Disziplin. Ganzer 6 Kategorië wäerten et hei ginn, 2 fir de PC, 2 fir Konsolen an 2 fir Mobile-Games. Ee Spill ass bis ewell bekannt, an zwar an der Mobile-Kategorie: Mobile Legends: Bang Bang e Spill, dat an Asien extrem populär ass.

De 15. Dezember wäerten déi aner Spiller presentéiert ginn. Méiglech Spiller wieren hei eventuell Dota 2 oder League of Legends. Wéi den olympesche Comité wësse gedoen huet, wäerten si bei der Selektioun vun de Spiller oppassen, dass keng gewalttäteg Spiller oder Glécksspiller dobäi sinn.

D’E-Athlete wäerten am Virfeld Qualifikatiounsronne spillen, déi beschte Länner vun den am ganzen 11 Stéck, wäerten da bei den olympesche Spiller dobäi sinn.

Vill Experte gesinn dëse Schratt als wichteg un, well hei kéint gekuckt ginn, wéi dës Spiller géifen oflafen an op se zum Beispill ekonomesch interessant fir aner Deeler vun der Welt kéinte sinn. Et dierf ee gespaant sinn.