Virun allem fir Kanner a Famillen ass dëst Partyspill ideal

Bis zu 4 Spiller triede mat Hëllef vun enger Manette oder dem Smartphone a ronn 20 Mini-Spiller géinteneen un. Gewannt hei eng Kopie vum Spill!
Wann een zesumme mat der Famill oder de Frënn e Videospill wëll zocken, dat net ze komplizéiert ass a normalerweis jiddwerengem gefält, ass ee mat de sougenannte Partygames fir d’Konsol gutt bedéngt. Ma ganz nei ass Carnival Games an sech net, esou de Jan Sturm vun Entwécklerstudio 2K Games.
Bis zu 4 Spiller triede mat Hëllef vun enger Manette oder dem Smartphone a ronn 20 Mini-Spiller géinteneen un. Hei kann een dann ënnert anerem Tickete gewannen, mat deenen ee säi Charakter mat neie Kleeder oppeppe kann. Ma de Spaass steet bei Carnival Games awer ganz kloer op éischter Plaz.
D’Spill ass voll mat klenge Mini-Games, déi een och op enger Kirmes géif erëmfannen, zum Beispill Kierf mat Basketbäll schéissen, Ballonen zerplatzen oder mat Huffeise schéissen. Ënnert anerem kann een awer zum Beispill och op Schwäi reiden, eppes dat haut des Daags natierlech e wéineg aus der Moud komm ass.
Carnival Games vun 2k Games gëtt et elo fir PS4, Xbox One a Nintendo Switch.