Wie Fan vun der Smash Bros.-Serie ass, deen muss sech de neien Ultimate definitiv zouleeën, dat schonn eleng wéinst dem risege Contenue.

Et ass definitiv dee Smash Bros., dee vill Fans sech gewënscht hunn, virun allem well wuertwiertlech all Charakter, aus deene leschten 20 Joer, dobäi ass. Heizou zielen iwwregens och d'DLC-Fighter.

Ma ufänke mécht ee mat mickregen 8 Charakteren a muss déi aner 66 Kämpfer emol fräischalten, dat gréisstendeels am exzellenten neie Story-Mode.

Am ganzen erwaarden een iwwregens des Kéier 11 nei Figher, dorënner de legendäre Ridley aus der Metroid-Serie, dee wuel fir am meeschten Opreegung gesuergt huet.

Fir dës Charaktere fräizeschalte ginn et zou Methoden: entweder iwwert de Standardmatch, respektiv de Klassik-Mode, oder iwwert de neien Adventure-Mode "Stern der irrenden Lichter".

Dëse Mode huet et iwwregens a sech: hei muss een op enger Map säi Charakter beweegen an dobäi verschidde Kämpf (ufanks mam Kirby) untrieden a krit dobäi den neie Ghost-Mode erkläert a kann agesat ginn.

RTL

Iwwert de Kampfsystem selwer ass absolut näischt ze kritiséieren, extrem stabil, alles funktionéiert esou wéi een et bei Smash gewinnt ass, kleng Problemer goufen aus dem Wee geraumt, sou dass d'Häerz vum Spill, also de Kampf, wierklech e Genoss ass ze spillen.

Ma och de Klassik-Mode, wou ee mat engem Charakter souzesoen e spezielle Parcour spillt gouf verbessert a mécht éischtens extrem Spaass an ass och nach zimlech challenging, wat mir perséinlech gutt gefält.

Dass ee kann online géinteneen zocke war kloer, ma huet ufanks allerdéngs net ëmmer geklappt, schéngt sech awer elo mat der Zäit ëmmer méi agependelt ze hunn.

RTL

Vill Hype war hannert dem Spill, iert et erauskoum, d'Fro déi sech natierlech stellt ass, ob den Hype dann och gerechtfäerdegt ass. An hei ass meng Äntwert kloer an däitlech: JO!

Vun Ufank un huet mech d'Spill matgerappt, et mécht einfach extrem vill Spaass, déi eenzel Charaktere fräizeschalten, besser ze ginn a spéider géint seng Kollegen oder Online unzetrieden.

D'Spill huet kee Meter vu senger Dynamik verluer, am Contraire, et fillt sech sou frësch an dynamesch un, wéi nach ni. Dobäi kënnt och einfach de Feeling, dass dëst d'Spill einfach DEN Smash Bros. ass, deen ee besëtze MUSS.

RTL

Och wann ech gäre mol nostalgesch sinn, muss ech zougestoen, dass Nintendo sech bei der neister Versioun iwwertraff huet an dass de ganzen Hype, deen och deels vu Nintendo selwer koum, absolut net iwwerdriwwe war. D'Fans sinn op alle Fall am groussen a ganze begeeschter vu Smash Bros.

Ultimate fir d'Switch a genee sou ass och meng Meenung. D'Spill krit vu mir eng kloer 9/10 an ass kloer domadder dee beschte Smash dee bis elo erauskomm ass.