Rocksteady kéint d'Spill 2019 schonn erausbréngen

Et gëtt esou lues spannend! Ëmmer méi News a Gerüchter zum neien Batman Deel vun Rocksteady dauchen op.
Hei en Iwwerbléck iwwert déi Infoen, déi bis ewell iwwert de neie "Batman Arkham Crisis" gewosst sinn:
- D'Spill soll definitiv "Batman Arkham Crisis" heeschen
- Ziel vum Entwécklerstudio "Rocksteady" ass et "Game Of The Year" ze maachen
-"Court Of Owls" ass den Haapt-Antagonist
- 12 Kapitelen, Dag & Nuecht zu Gotham City
- D'Spill ass méi grouss wéi GTA V
- Batwing ersetzt den Batmobil
- Coop Multiplayer soll kommen
- All Niewemissioun soll ronn 3 Stonnen Geschicht hunn
- Keng "Riddler-Trophäen" méi, si ginn duerch aner Erausfuerderungen ersat
Offiziell ass dat ganzt nach net, spéitstens no der E3 ass méi gewosst.