Iwwer 50 där agerummte Konschtwierker, vu Retrospiller aus den 80er a 90er huet den Alain scho gebastelt an ass op all méiglechen Expoen ënnerwee.

Super Mario. Pac-Man. Zelda. Alles Video-Spiller, déi et schonn an den 80er goufen. Ma och haut begeeschteren dës Spiller nach ëmmer déi Kleng – an déi Grouss. Sou och den Alain Wildgen. Hien huet e ganz besonneschen Hobby. Den Alain bastelt Zeenen aus senge Liiblingsspiller vun deemools no, a sougenannten Dioramen.

Iwwer 50 där agerummte Konschtwierker huet den Alain scho gebastelt. E puer vu senge Wierker goufe schonn a Computerspill-Muséeën an Däitschland oder och an Amerika ausgestallt.

Den Alain wëll awer keng Sue mat sengem Hobby verdéngen. Hie bastelt weiderhi just Zeenen aus Spiller, déi hie selwer gespillt huet a setzt Virlage fir jiddereen op den Internet.

A wann Dir elo selwer en Computerspill-Diorama bastele wëllt: Virlage vum Alain fannt Dir ënnert dësem Link.