Am Mäerz wëll Google méi Informatiounen iwwert hiren neie Streaming-Service "Project Stream" ginn.

Et schéngt ëmmer méi kloer ze sinn, dass och Google elo an de Gaming-Marché eraklamme wäert, dat mat engem Konzept, dat der Netlix-Generatioun soll gefalen. "Project Stream" oder "Codename Yeti" soll de Projet am Moment emol nach heeschen a soll souwuel PC wéi Konsole bedéngen.

Op der Game Developers Conference (GDC) den 19. Mäerz wëll Google gären éischt Informatioune ginn.

D'Iddi ass et, dass grouss Spiller, wéi zum Beispill Assassin's Creed, Far Cry oder Red Dead Redemption 2 vun engem Server aus streamen, sou dass et keng Roll méi soll spillen, wéi staark engem säi PC oder Konsol ass, vu dass d'Spill jo vum Server erof per Cloud gestreamt gëtt.

Google huet och schonn am Oktober 2018 dat Ganzt getest, schafft also scho länger un dësem Service.