Dat ass an engem neie Leak elo erauskomm.

Den neien Assassins Creed Legion ass geleakt ginn, d'Spill soll schonn 2020 erauskommen. Dat Ganzt wäert sech dës Kéier am ale Roum ofspillen, méi genee wärend dem Schluss vum Liewe vum Marcus Aurelius.

Hei kann een dann nees tëscht engem Mann (Cassius) an enger Fra (Lucia) entscheeden. Aner Géigende wéi Gallien oder Germanien wäerten accessibel sinn.

Et wäert dann och elo den 3. Deel vun der "Ancient Trilogie" sinn, déi jo mat "Origins" ugefaangen huet.