Op den 5. Mäerz 2019 kommen nees nei gratis Spiller. Am Mäerz sinn et Call of Duty: Modern Warfare Remastered an The Witness.

Playstation Plus-Memberen kréien all Mount eng ganz Partie gratis Spiller, déi dann fir ee Mount accessibel sinn fir erofzelueden.

En Dënschdeg 5. Mäerz 2019 stinn déi nei gratis Spiller zur Dispositioun. Virun allem d'Shooter-Fans kommen dës Kéier op hir Käschten, dat well Call of Duty: Modern Warfare Remastered gratis wäert zu Dispositioun stoen.

Dat 2. Spill dat et gratis op Playstation Plus wäert ginn ass The Witness.